Den Dän Kevin Magnussen hat beim leschte Grand Prix an Italien zu Monza eng Kollisioun mam Pierre Gasly.

Well d'Reegele kloer definéiert sinn an eng Strof fir dësen Tëschefall ausgeschwat gouf, krut de Magnussen zwee Strofpunkten op senger Superlizenz. Den Haas-Pilot ass deemno bei 12 Punkten ukomm a muss deen nächste Grand Prix, also deen am Aserbaidjan zu Baku, aussetzen.

D’Ecurie huet e Freideg annoncéiert, dass den Oliver Baerman aspréngt. Dës Nouvelle ass wéineg iwwerraschend, well den 19 Joer jonke Pilot d'nächst Saison fir Haas wäert fueren an esou weider Kilometer sammele kann.

De Kevin Magnussen ass iwweregens deen éischte Pilot zanter 2012, dee gespaart gëtt. De leschte Pilot war de Romain Grosjean, deen e Grand Prix no enger Kollisioun beim Depart vum Grousse Präis vun der Belsch zu Spa verpasst huet.