Pole Position fir Leclerc, Norris just 17.

© AFP
Fir de Leclerc ass et déi véiert Pole Position hannerteneen zu Baku. Den Oscar Piastri start hannert him a virum Carlos Sainz. De Verstappen gouf just 6.
Nodeems am 3. fräien Training nach e puer Drëpse fir Duercherneen an eng Rei Sortië gesuergt haten, blouf et am Qualifying dréchen. Et gouf zwou Iwwerraschungen an eng grouss Opreegung an dëser Qualifikatioun.
Hei de REPLAY: Wien huet sech zu Baku d’Pole geséchert?
De Charles Leclerc geet no 2021, 2022 an 2023 eng véiert Kéier vun der Pole Position an de Grousse Präis vum Aserbaidjan, den drëtte vun insgesamt véier Stadcircuiten an dëser Saison. Hie konnt domat den Elan vu senger Victoire zu Monza virun zwou Woche mathuelen. Den Oscar Piastri rett McLaren mat senger zweeter Plaz, nodeems de Lando Norris fréi eliminéiert war.
De Carlos Sainz confirméiert déi gutt Prestatioun vu Ferrari a start als Drëtten, virum Sergio Perez, deen eng éischt Kéier fir dës Saison virum Max Verstappen an d'Course geet. Den amtéierende Weltmeeschter gouf just 6. a start tëscht de Mercedes-Piloten George Russell a Lewis Hamilton.
D'Plazen 8 bis 10 goungen un de Fernando Alonso an déi zwee Wiiliams-Piloten Franco Colapinto an Alexander Albon. Et war déi éischt Kéier zënter Las Vegas 2023, dass zwee Williams-Autoen am Q3 dobäi waren.
Virun der leschter séierer Ronn gouf et kuerz Opreegung, wéi den Auto vum Albon mam Killsystem erausgeschéckt gouf. Hien ass am Ausgang vun der Boxegaass stoe bliwwen an huet dëse kuerzzäiteg blockéiert.
Den Oliver Bearman huet de Sprong an de Q3 esou just verpasst. 0,128 Sekonnen hunn dem Ersatzmann vum Kevin Magnussen gefeelt. Och fir säin Teamkolleeg Nico Hülkenberg war am Q2 Schluss. Mam Yuki Tsunoda an dem Pierre Gasly waren och déi zweet Autoe vu Racing Bull an Alpine dobaussen. De Lance Stroll war am Q2 de Luesten.
Eng éischt Iwwerraschung gouf et am Q1, wéi de Lando Norris, de gréisste Konkurrent vum Max Verstappen am Generalklassement, just op Plaz 17 gelant war a soumat eliminéiert gouf. Hie war och schonn am Training wäit hannert der Spëtzt. Schluss war och fir den Daniel Ricciardo, dee virum Norris an d'Course geet, de Valtteri Bottas an den Esteban Ocon.
De Zhou Guanyu start d'office vun der 20. Plaz, well hien tëscht den Trainingseenheeten d'Batterie an d'Elektronik ausgetosch krut.
Suivéiert de Grousse Präis vum Aserbaidjan e Sonndeg ab 12.15 Auer op RTLZWEE, RTL.lu oder RTL Play. D'Course geet um 13 Auer un.
FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
