De McLaren-Pilot huet sech virum Leclerc an dem Russell duerchgesat. Am Kampf ëm d'Weltmeeschterschaft huet de Verstappen nees Punkte verluer.

An der drëtter vu véier Courssen op engem Stadcircuit war et bis zum Schluss spannend. Un der Spëtzt gouf et iwwer laang Strecken en Dräikampf tëscht Leclerc, Piastri a Perez, hannendrun hu sech de Russell, Verstappen an Norris bekämpft. No enger chaotescher Schlussphas hat de Piastri d'Nues vir. Et war déi fënnef Victoire fir McLaren an dëser Saison. De Leclerc gouf Zweeten, virum iwwerraschenden Drëtten George Russell. De Lando Norris fiert vu Plaz 16 op d'4 a kënnt virum Max Verstappen un.

An der Startopstellung gouf et par rapport zur Qualifikatioun eng Ännerung, well de Lewis Hamilton wéinst engem Wiessel vun der Power-Unit net vun der 7. Plaz, mee aus der Boxegaass un de Start goung. Hien huet beim Ausgang vun der Course keng Roll gespillt. Beim Depart konnt de Leclerc seng éischt Positioun géint de Piastri verdeedegen, mee hannen huet de Perez dem Sainz déi drëtt Plaz an der zweeter Kéier ewechgeholl.

Den Oscar Piastri ass konstant um Charles Leclerc dru bliwwen a konnt de Monegass an der 20. Ronn iwwerhuelen. D'Pilote vu Mclaren a vu Ferrari hu sech e Kapp-u-Kapp-Renne geliwwert, mee vun hanne koum de Perez ëmmer méi no erun.

Op de Plaze 5 bis 7 hu sech den Norris, Verstappen a Russell géigesäiteg bekämpft. Den Norris hat sech no senger schlechter Leeschtung am Qualifying schonn no 24 Ronne bis op déi 5. Plaz no vir geschafft a souguer de Max Verstappen iwwerholl. De Russell konnt sech an der 34. Ronn laanscht de Weltmeeschter drécken, well dee Problemer mam Grip hat. Den Norris koum an der 37. Ronn un d'Box a louch duerno nees hannert dem Russell an dem Verstappen op der 7. Positioun.

Fënnef Ronne viru Schluss hunn dem Leclerc seng Pneuen opginn an de Ferrari-Pilot huet sech aus dem Kampf ëm d'Spëtzepositioun musse verabschiden. De Carlos Sainz hat an der Tëschenzäit op de Leclerc an de Perez opgeschloss. Zwou Ronne viru Schluss hat de Spuenier de Mexikaner an der éischter Kéier iwwerholl, mee de Red-Bull-Pilot wollt seng Positioun zeréck hunn. No der zweeter Kéier hu sech béid Autoen ze pake kritt a sinn an d'Mauer geknuppt. Duerno goung d'Course ënner Virtual Safety Car op en Enn.

Virum Virtual Saftey Car konnt den Norris nach de Max Verstappen iwwerhuelen a krut als Véierten zwee Punkte méi wéi de Weltmeeschter, en plus war hien nach déi séierst Zäit gefuer. Aston Martin a Williams freeë sech iwwer eng Rëtsch Punkten, de Lewis Hamilton gouf 9. an den Oliver Bearman, den Ersatzmann vum Kevin Magnussen, krut de leschte Punkt.

Am Fuerer-Klassement behält de Max Verstappen eng komfortabel Avance vu 59 Punkten op de Lando Norris. De Charles Leclerc spiert als Drëtten den Otem vum Oscar Piastri. An der Konstrukteurswäertung ass McLaren neie Leader viru Red Bull a Ferrari, Mercedes ass Véierten.

No der Course gouf bekannt, dass de Max Verstappen wärend der Safety-Car-Phas de Lando Norris iwwerholl huet, well hie gemengt hat, dass d'Course eriwwer wär. No enger Diskussioun mat de Stewards koum den Hollänner mat enger Verwarnung dovun a gouf net no hanne versat.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL