An der Formel 1 ass McLaren lo nom Grousse Präis vum Aserbaidschan déi éischte Kéier Leader am WM-Klassement bei de Constructeuren zanter 10 Joer.

Red Bull huet elo e Retard vun 20 Punkten. Bei de Piloten ass et och richteg spannend un der Spëtzt vun der WM, och wann de Lando Norris als 4. zu Baku just minimal de Réckstand op de Max Verstappen, dee 5. gouf, konnt ophuelen, den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:
 
Fir de Lando Norris ass d'Aufgab e bësse méi schwéier ginn. Lo muss en net nëmmen aacht Punkte pro Course gutt maachen, mee 8,4 Punkte pro Course. De Max weess dat ganz sécher och, a weess, datt dat en extra Puffer u Sécherheet fir hien ass. En plus, wann elo nach Piastri, Leclerc etc. sech géigesäiteg d'Victoire streideg maachen, spillt dat alles an dem Max seng d'Hänn. En ass allerdéngs och erfuere genuch ze wëssen, dass och eng confortabel Avance ni garantéiert ass. Do kann ëmmer mol erëm en technesche Problem, en Ausfall etc. d'Saach un d'Kippe bréngen. Hie muss einfach konsistent seng Punkte mat heem bréngen. E muss net all Course gewannen. E muss nëmme sech uerdentlech placéieren an all Course. An de Rescht erleedegt sech quasi bal vum selwen. McLaren misst wierklech extreem geziilt nëmmen op de Lando Norris pochen a pushen, fir dem Max kënnen d'Saach streideg ze maachen. An da kontrolléiere si natierlech net d'Elementer. E Mercedes an e Ferrari, déi dann och nach dertëschent spillen. An och en Sergio Perez kascht bis op eemol Punkten, wann deen eng anstänneg Course huet. Sou wéi en dat elo dëse Weekend gemaach huet, wann een elo ofgesäit vun der leschter Ronn.
 
 
Am Weltmeeschterschaftsklassement huet de Max Verstappen bei 7 Courssen, déi nach ze fuere bleiwen, 59 Punkte Virsprong op de Lando Norris. Déi Avance vum Red Bull-Pilot kéint awer schonn den nächste Weekend zu Singapur weider schmëlzen.

Dir kënnt d'Formel 1 natierlech nees op RTL Lëtzebuerg suivéieren.