Nom Grousse Präis vum Aserbaidjan zu Baku an der Victoire vum Oscar Piastri op McLaren geet et dëse Weekend schonn zu Singapur weider.

Déi Course ass eng richteg Erausfuerderung fir d'Piloten. D'Froen, déi sech stellen, sinn, ob Red Bull an de Max Verstappen d'Kéier kréien oder ob McLaren mat Norris an Piastri hir Avance un der Spëtzt vum Weltmeeschertschaftsklassement kënnen ausbauen

Formel 1 zu Singapur / Virschau Franky Hippert

McLaren huet déi éischte Plaz déi lescht Woch zu Baku vu Red Bull iwwerholl. Et ass déi éischte Kéier zanter zéng Joer, datt d'Papaya am WM-Klassement bei de Constructeure vir ass. Den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl geet dovun aus, datt et elo zu Singapur sou änlech kéint goen, wéi virun enger Woch am Aserbaidschan. 
 
"Ech erwaarden dëse Weekend en Duell virun allem tëscht Ferrari an McLaren. Déi Autoen, déi gutt gaange sinn op de Max-Downforce-Circuiten an der Lescht, natierlech och zur Zandvoort. Mercedes kéint eng Roll spillen, dat hänkt ëmmer bei deenen dovunner of. Si sinn e bësse méi variabel de Moment. Red Bull, fäerten ech, wäerte Schwieregkeete kréien, well et ass eng knubbeleg Streck an hiren Auto gëtt de Moment net gutt domadder eens, wann de Profil net ganz eben ass."
 
D'Formel-1-Pilote musse fir all déi Kräften, déi op si wärend enger Course wierken, souwisou schonn toppfit sinn. Singapur ass awer nach eng weider Erausfuerderung fir de Mënsch. 
 
"Singapur ass effektiv méi eng grouss Belaaschtung fir d' Piloten wéi fir den Auto. Déi héich Lofttemperaturen, och Nuets, déi héich Loftfiichtegkeet, suergen derfir, dass een u sech net esou gutt schweesst, wéi een dat an engem méi dréchene Klima ka maachen, kann een d'Temperatur aus dem Kierper net esou gutt erausloossen. D’Pilote preparéiere sech dorop duerch Saunagäng, duerch trainéieren an der Sauna, duerch trainéiere mat extreem vill Kleeder un, an engem extreem fiichte Raum, fir de Kierper drun ze adaptéieren. Dat ass eng Adaptatioun, dat brauch an der Reegel zwou bis dräi Wochen, fir de Kierper wierklech un héich Fiichtegkeet an héich Temperatur z'adaptéieren. Dat heescht, si hunn dat schonn ugefaangen, nach laang éier, dass se op Baku gaange sinn."
 
Wat de Circuit respektiv den Auto uginn, ginn et sécherlech Strecken, déi d'Ingenieure fir u méi grouss Challengë stellen. 
 
"Fir den Auto, an zu engem gewëssen Deel och fir den Ingenieur, e bësse méi eng einfach Course. D'Vitess vun de Kéieren ass och relativ änlech, also am nidderege Beräich. Alleguer kuerz 90-Grad-Kéieren, alles vum Profil hier zimmlech änlech, dat heescht, vun der Erausfuerderung hier op den Auto unzepassen op vill verschidden Zorte vu Kéieren, huet een net. Déi eenzeg Schwieregkeet, déi den Auto huet, ass d'Kille vun de Bremsen. D’Duerchschnëttsvitess ass relativ niddereg, du bass déi ganzen Zäit am gaangen Gas ze ginn, an um ëmmer nees ze bremsen. Dat Gas ginn ass net schlëmm, dat ass just Bensinnsverbrauch. Mä d'Bremsen an déi lues Vitess suergen derfir, dass manner Loft duerch d'Killëffnunge vun de Bremse ginn, an dass d' Bremse waarm ginn, a wa se extreem waarm ginn, dann ass och den Bremsverbrauch méi héich."

Siwe Coursë bleiwen nach ze fueren a weeder am Weltmeeschterschaftsklassement bei de Piloten nach bei de Constructeure weess een, wéi et ausgeet. Bei de Piloten huet de Max Vestappen op Red Bull un der Spëtzt nach eng Avance vun 59 Punkten op de Landon Norris op McLaren, an och dem Charles Leclerc op Ferrari feele just 78 Punkten op de Vestappen. Bei de Constructeuren huet McLaren elo e Virsprong vun 20 Punkten op Red Bull a vun 51 op Ferrari. 
 
An wéi de Grousse Präis vu Singapur ausgeet kënnt Dir nees Live op RTL ZWEE an online op RTL.lu an RTLplay kucken.