Pole Position fir de Lando Norris

© AFP
De McLaren-Pilot start e Sonndeg virum Max Verstappen an dem Lewis Hamilton
E Samschdeg huet sech am Qualifying vum Grousse Präis vu Singapur um Marina Bay Street Circuit de Lando Norris d'Pole Position geséchert. De Britt start domat e Sonndeg virum Max Verstappen am Red Bull an dem Lewis Hamilton am Mercedes.
E battere Qualifying war et virun allem fir d'Ecurie vu Sauber, vun där béid Piloten Zhou a Bottas nom Q1 op de Plazen 19 an 20 stoungen. Iwwerdeems hunn et hei den Daniel Ricciardo, de Lance Stroll an de Pierre Gasly net an de Q2 gepackt.
Eng Iwwerraschung ass et och am Q2 ginn, wéi de Sergio Perez net iwwert déi 13. Plaz eraus komm ass an domat nieft dem Alex Albon, Franco Colapinto, Kevin Magnussen an Esteban Ocon eliminéiert war.
Am Q3 ass de Carlos Sainz da mat sengem Gefier vum Circuit ofkomm an huet no der Kollisioun mat der Mauer de Roude Fändel ausgeléist. No enger gréisserer Ënnerbriechung ass et fir d'Piloten dann nach eng leschte Kéier op de Circuit gaangen, wou um Enn de Lando Norris déi bescht Zäit opstelle konnt. Dat virum Max Verstappen op P2 an de Lewis Hamilton op P3.
Den Depart vun der Course e Sonndeg ass um 14.00 Auer.
FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
