Lando Norris zu Singapur ganz uewen um Podium
Eng souverän Start-Zil-Victoire gouf et fir de Britt. Hannendrun hu sech de Max Verstappen an den Oscar Piastri klasséiert.
Fir McLaren ass de Grousse Präis vu Singapur nees gutt verlaf. De Lando Norris huet sech d'Victoire geséchert, et war déi 3. vun der Saison. De Piastri ass vun der 5. Plaz nach op déi 3. Positioun gefuer. De Max Verstappen huet um Red Bull seng 2. Plaz verdeedegt. Säin Teamkolleeg Sergio Perez gouf den Zéngten.
Am General huet de Norris säi Réckstand op 52 Punkte verkierzt. Et hätt nach ee Punkt manner fir de Norris kéinte sinn, mee den Daniel Ricciardo huet him zum Schluss nach déi bescht Ronn ofgeknäppt.
Fir Mercedes ass d'Course net esou gutt gelaf. Seng 4. Plaz aus dem Qualifying konnt den George Russell halen. Den Hamilton huet seng 3. Plaz verluer a gouf um Enn de 6.. No engem duerchwuessene Qualifying konnt Ferrari mat de Plaze 5 fir de Leclerc a 7 fir de Sainz duerchaus zefridde sinn.
Nom Start huet sech an de viischte Positiounen näischt geännert. De Sainz ass vun der 10. op déi 12. Plaz gefall an de Perez huet sech an d'Top 10 no vir geschafft. An der Suite huet sech un der Spëtzt op den éischten 2 Positiounen näischt méi geännert. Hannendru gouf et Changementer, déi virun allem duerch d'Boxestoppen an de Pneuewiessele koumen. De Piastri hat déi beschten Taktik. Hannendru konnt de Russell de Leclerc an der Schlussphas hannert sech halen. De Fernando Alonso ass um Aston Martin eng gutt Course gefuer a gouf den 8..
FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
