Den Daniel Ricciardo gëtt vu Racing Bulls virun d'Dier gesat

© AFP Archivbild
Et hat sech zu Singapur ugedeit, elo ass et offiziell. Den Daniel Ricciardo gouf vu Racing Bulls virun Dier gesat. Dëst mat "effet immédiat".
De Ricciardo huet bei der zweeter Ecurie vu Red Bull säi Comeback an Ungarn gefeiert, nodeems den Hollänner Nyck de Vries säi Cockpit huet misse raumen. Deemools ass spekuléiert ginn, dass de sympatheschen Australier de Sergio Perez bei Red Bull ersetze kéint. Och virun der Summerpaus war dat nach en Thema.
Doraus sollt awer um Enn näischt ginn. U seng Form vu fréieren Zäite konnt hien och net wierklech uknäppen. An 26 Grand-prixen huet de Ricciardo just 18 Punkte gesammelt an am internen Duell och ni gutt géint den Teamkolleeg Yuki Tsunoda ausgesinn.
Aus deem Grond hunn déi Responsabel elo Decisioun geholl, den Australier virun d'Dier ze setzen.
Fir de Rescht vun der Saison iwwerhëlt de Liam Lawson. Eng Premier fir den Neiséilänner ass et net. Wéi den Zoufall et wëll, souz hie schonn fir exakt 5 Grand-prixen am Auto vun der Ecurie. Hien hat an der Saison 2023 och de Ricciardo an Holland ersat, nodeems hie sech un der Hand blesséiert hat.
Ob de Ricciardo an der Red-Bull-Famill bleift, ass den Ament och nach onkloer.