1977 war Renault mat de legendären Turbomotoren an d'F1 komm.

Et ass elo offiziell. An der Formel 1 baut Renault vun 2026 un, vun deem Moment un, wou dat neit Reglement kënnt, keng Formel-1-Motore méi. Dat heescht d‘Ecurie Alpine, dat och d‘Sportsmark vum franséischen Autoshiersteller ass, muss sech dann en neie Motorpartner sichen. Am meeschte gouf do an de leschte Wochen ëmmer nees Mercedes genannt. Renault huet e Méindeg annoncéiert, datt d‘Formel-1-Aktivitéiten an der Fabrick zu Viry-Chatillon an e Kompetenzzenter fir Ingenieurswiesen an Héichtechnologie ëmgewandelt ginn. An de leschte Wochen hunn d‘Mataarbechter vun der Fabrick protestéiert an domat gehofft, d‘Decisioun vun der Direktioun vu Renault, déi sech ugedeit huet, ze kippen.

D‘nächst Saison fiert Alpine awer nach mat Renault-Motoren.
 
1977 ass Renault als Wierksecurie an d‘Formel 1 komm an hat deemools deen éischten Turbomotor an der Kinneksklass vum Automobilsport. Den éischte Pilot am RS01 war de Fransous Jean-Pierre Jabouille, deen zejoert am Alter vun 80 Joer gestuerwen ass. Den Däitsche Sebastian Vettel ass dee leschte Weltmeeschter mat engem Renault-Motor an dat mat Red Bull an de Joren 2010 bis 2013. Vun 2014 un hunn d‘franséisch Motoren an der Hybrid-Ära den Uschloss un d‘Konkurrenz verluer.
 
Am Ganze goufe bis elo an 43 Saisone 741 Grand Prixe mat engem Renault-Motor gefuer, dobäi goufen et 169 Victoiren, 213 Mol d'Pole Position, 12 WM-Titele bei de Constructeuren an 11 bei de Piloten.