Neien Haas-Partner: F1-Comeback vun Toyota?

© TOYOTA GAZOO Racing
D’US-Ecurie Haas an Toyota Gazoo Racing hunn um Freideg eng technesch Partnerschaft ugekënnegt. Heescht dat, dass d’Japaner zeréck an d’F1 kommen?
Toyota Gazoo Racing (TGR) ass de Motorsportdepartement vun Toyota, an ass beispillsweis fir d’Wierksasätz an der Laangstrecke-Weltmeeschterschaft WEC an an der Rallye-Weltmeeschterschaft WRC zoustänneg. An Zukunft wëllen TGR an d’F1-Ecurie Haas hir Expertis an hir Ressourcen deelen. TGR soll Haas virun allem am Beräich vum Design, der Technik an der Produktioun ënnerstëtzen, wärend Haas hiren F1-Knowhow zur Verfügung stellt.
Offiziell wëllt Haas esou an der Formel 1 e weidere Schrack no vir maachen, wärend Toyota hofft, säi Motorsportwëssen duerch dës Partnerschaft ze verdéiwen.
Scho bei der nächster Course zu Austin, dem Heem-Grand-Prix vun Haas, soll dës nei Partnerschaft mat entspriechende Stickeren op den Haas VF-24 vun Hülkenberg a Magnussen no bausse gewise ginn.
Bis ewell schafft Haas ganz enk mat Ferrari zesummen. D’Scuderia liwwert net nëmme bis 2028 d’Motoren, mee en Deel vum Haas-Entwécklungsdepartement sëtzt esouguer zu Maranello. Am offizielle Communiqué soen Haas an TGR dann och Ferrari Merci, dass d’Italiener dës nei technesch Partnerschaft erméiglecht hunn.

© TOYOTA GAZOO Racing
D’Fro stellt sech, wéi een dës Partnerschaft interpretéiere muss? Toyota war vun 2002 bis 2009 schonn emol mat enger Wierksecurie an der F1 aktiv. An 8 Saisone stoung Toyota Racing 13 Mol um Podium ouni eng eenzeg Course ze gewannen. Soll Toyota Gazoo Racing elo mat Haas de groussen F1-Comeback preparéieren? Plangen d’Japaner vläicht esouguer en eegene Motor fir 2029?
Esou Spekulatioune leien natierlech op der Hand. Mee am gemeinsame Communiqué evitéieren Haas an TGR, iergendwellech Undeitungen an déi Richtung ze maachen. Hannert de Kulissen huet Toyota nach ëmmer säin Know-How a seng Ressourcen an der F1 zur Verfügung gestallt. Beispillsweis huet McLaren jorelaang den Toyota-Wandkanal zu Köln genotzt, an och de rezenten Andretti-Prototyp gouf am TGR-Wandkanal verfeinert. Mee Gazoo Racing war do ëmmer nëmme Fournisseur, keen technesche Partner. D’Kooperatioun mam Haas F1 Team geet do definitiv e Schrack méi wäit. Mee wéi wäit dës Kooperatioun iergendwann ausgebaut wäert ginn, ass aktuell nach ongewëss.