Kee Punkt méi fir déi séierst Ronn

© Photo by Martin KEEP / AFP
Vun der nächster Saison un wäert den Extra-Punkt fir déi séierste Ronn an der Formel 1 erëm ofgeschaaft ginn.
Dat huet de Motorsport-Rot vun der FIA matgedeelt. Déi Decisioun gouf e Mëttwoch bei enger Sitzung geholl.
Zanter 2019 krut dee Pilot, deen déi séierste Ronn vun der Course gefuer ass an an den Topp 10 war, ee Punkt fir dës Ronn am Weltmeeschterschaftsklassement dobäigerechent. Virdru gouf et dës Reegel schonn eng Kéier tëscht 1950 an 1959. Dësen Extra-Punkt wäert et awer vun der Saison 2025 un net méi ginn.
Wisou een de Punkt nees ofschaaft, gouf bis ewell net matgedeelt. Rezent hat d'Reegel fir vill Kritik gesuergt, well den Daniel Ricciardo zu Singapur op d'Juegd no dësem Punkt geschéckt gouf, obwuel hien ausserhalb vun der Topp 10 war. Den Australier konnt a senger wuel leschter Ronn an der Kinneksklass vum Motorsport dem Lando Norris dëse Punkt ewechhuelen. E Punkt, deen de Britt gutt hätt kéinten am Kampf ëm d'WM géint de Max Verstappen gebrauchen. De Ricciardo souz bis de Grand-Prix vu Singapur am zweete Racing Bull, der klenger Schwësterekipp vu Red Bull, bei deenen de Verstappen ënner Kontrakt steet. Dem Ricciardo säi Cockpit kritt vun Austin un de Liam Lawson.