No véier Woche Paus geet an der Formel 1 vun dësem Weekend bis um Enn vun der Saison eng intensiv Zäit un.

Beim sougenannten Tripleheader ginn dräi Courssen hannertenee gefuer. En plus sinn dobäi och nach zwee Sprint-Weekender. Een dovun ass elo, an dat fir de Grousse Präis vun den USA zu Austin. Fir déi lescht 6 Coursse vun der Saison kann et op alle Fall nach richteg spannend ëm d'Weltmeeschterkroun ginn tëscht dem Max Verstappen op Red Bull an dem Lando Norris op McLaren.

Formel 1 - Virschau op de Weekend zu Austin / Rep. Franky Hippert

Am Weltmeeschterschaftsklassement huet de Verstappen 52 Punkten Avance op den Norris. De Weltmeeschter huet awer zanter Juni zu Barcelona, dat heescht zanter aacht Coursen, net méi gewonnen. Den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl geet awer net dovun aus, datt Red Bull elo nach vill um Auto vun dësem Joer wäert verbesseren.
 
"Jo, elo fir d’Enn vun der Saison muss een dovun erausgoen, dass Red Bull bei de Renningenieuren a bei de Strategiker wäerten zréckgekuckt hunn, wat ass beim Auto esou gaangen, firwat huet et verschidde Coursse besser fonctionéiert an anere Coursse manner, an dass se probéieren do dat bescht aus hirem Package erauszehuelen, fir de Rescht vun der Saison, mee entwéckelt an Neistécker wäerten do keng méi kommen, do si si souwuel wéi och alleguerten déi anere Ecurien zu dësem Zäitpunkt voll a ganz op den Auto vum nächste Joer fokusséiert."
 
De Formel-1-Zirkus hat elo zu dëser Zäit ongewinnte véier Woche Paus. Fir vill Mataarbechter aus der Kinneksklass vum Automobilsport ass dës Ënnerbriechung awer gutt komm.
"Do ass Vakanz geholl ginn, do ass d’Batterie nei geluede ginn, well et geet leider mat zwee Mol en Tripleheader erëm an den Enn vun der Saison. Dat ass eppes, wat un de Reserven zerrt. An dofir war et natierlech fir si extreem wichteg, fir do sech am Viraus schonn erëm kënnen ze preparéieren."
 
Lo fänkt also eng intensiv Zäit an der Formel 1 un. Dëse Weekend ass e Sprint beim grousse Präis vun den USA zu Austin, d'nächst Woch geet et a Mexiko an déi Woch duerno nees e Sprint zu Sao Paulo a Brasilien. D'Piloten hunn déi dräi Courssen elo scho preparéiert.
 
"Sou engem Tripleheader wéi deen heiten, wou d'Courssen alleguer um amerikanesche Kontinent sinn, kommen d'Piloten net do tëschent heem. Dat heescht, déi hunn am Viraus schonn allen dräi Circuiten um Simulator gefuer an trainéiert a maachen dat net nach eng Kéier tëschent den eenzele Courssen, einfach well d'Reeszäit an de Problem mat den Zäitzonen ze grouss ass. Si bleiwen do ganz um amerikanesche Kontinent a fokusséiere sech nëmmen op d'Recuperatioun tëscht de Courssen."
 
Bei der leschter Course gouf et zu Singapur eng Victoire vum Landon Norris virum Max Verstappen. Um Circuit of the Americas sinn d'Charakteristike vun der Streck sou änlech wéi do, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominic Riefstahl.
 
"De Circuit of the Americas ass High Downforce, änlech wéi Singapur. Entspriechend kann een erwaarden, dass déi selwecht Autoe vir sinn. McLaren, de Red Bull ass och do gutt gaangen, wann d'Ferrarien dës Kéier hire Qualifying net onbedéngt esou an de Sand setzen, wéi se dat zu Singapur gemaach hunn, da missten déi eng vill besser Roll nach kënne spillen, wat d'Gesamtvictoire huet."
 
Zejoert huet de Verstappen mat sengem Red Bull zu Austin gewonne virum Norris um McLaren. De Podium gouf du vum Carlos Sainz op Ferrari completéiert. Virun der Paus war McLaren d'Ecurie vun der Stonn. Et gëtt spannend ze gesinn, ob dat och fir de Schluss vun der Saison esou bleift.

De ganze Weekend kënnt Dir wéi gewinnt op RTL Tëlee Lëtzebuerg suivéieren. Lass geet et e Freideg den Owend am Livestream op RTL.lu an op RTL Play mam Fräien Training um 19.30 Auer, duerno ass d'Sprint-Qualifikatioun op der Tëlee op RTL ZWEE vun 23.30 Auer un. E Samschdeg den Owend ass d'Sprint-Course um 20.00 Auer, d'Qualifikatioun fir de Grand Prix um Hallefnuecht, an den Depart vum Grousse Präis vun den USA ass dann e Sonndeg den Owend um 21.00 Auer. De Virprogramm bei de Kolleege vun der Tëlee Lëtzebuerg fänkt um 20.15 Auer un.