Verstappen kroopt sech 8 Punkten am Sprint

© AFP
Am véierte vu sechst Sprinten an dëser Saison war den Hollänner de Séierste virum Carlos Sainz an dem Lando Norris.
No 19 Tier um Circuit of the Americas zu Austin krut de Max Verstappen d'Medail vum Sprint-Gewënner ëmgehaangen. Den amtéierende Weltmeeschter war nach méi frou, well de Lando Norris* seng sécher gegleeft zweet Plaz an der leschter Ronn ewechgeheit huet an hannert dem Carlos Sainz just Drëtte gouf.
De Britt huet no dëser Aktioun och de Charles Leclerc ganz no a sengem Réckspigel gesinn, mee de Monegass huet seng gutt Ausgangspositioun am weidere Verlaf vun der leschter Ronn net notze kënnen. De Ferrari-Pilot koum als Véierten op der Arrivée un.
D'Mercedes-Pilote Russell an Hamilton kréie wéi d'Haas-Pilote Magnussen an Hülkenberg nach Punkten aus dem Sprint. De Sergio Perez an den Oscar Piastri verpassen d'Punkten.
Den nächste Sprint steet scho beim nächste Grand-Prix a Brasilien um Programm.
*De Lando Norris muss nach bei de Stewards passéieren a kéint seng drëtt Plaz nach verléieren.
FORMULA 1 PIRELLI UNITED STATES GRAND PRIX 2024