Lando Norris geet vu Plaz 1 an d'Course

© AFP
Fir den Norris ass et déi éischt Pole zu Austin an déi sechst an der Saison. De Verstappen start hannert dem McLaren-Pilot a virum Carlos Sainz.
Nodeem de Max Verstappen mam Sprint seng éischt Victoire zënter dem Spuenien-Grand-Prix feiere konnt, ass et am Qualifying net fir d'Plaz 1 duergaangen. Den Hollänner gouf wärend senger leschter séierer Ronn vum George Russell senger Sortie ausgebremst. Fir de Lando Norris goung seng éischt séier Ronn am Q3 duer, fir e Sonndeg vun der Pole Position ze starten. Dës ass ëmmer e gutt Zeeche fir d'Course, well zu Austin hunn 91 Prozent vun de Polesetter um Enn och gewonnen.
Déi zweet Startrei ass komplett rout, de Sainz steet virum Leclerc. Den zweete McLaren vum Oscar Piastri geet vun der 5. Plaz an d'Course. Den George Russell start trotz senger Sortie vun der 6. Plaz, virum Pierre Gasly*, dem Fernando Alonso, dem Kevin Magnussen an dem Sergio Perez.
Den Nico Hülkenberg verléiert den teaminternen Duell géint de Magnussen a gouf am Q2 eliminéiert, wärend de Magnussen et bis an den drëtten Tour gepackt hat. Genee wéi den Däitschen hunn och de Yuki Tsunoda, den Esteban Ocon, de Lance Stroll an de Liam Lawson hiren Auto mussen ofstellen.
Opfälleg war, dass de Liam Lawson, deen de Cockpit vum Daniel Ricciardo bei Racing Bull iwwerholl huet, am Q1 déi drëttbescht Zäit gefuer war. Den Neiséilänner geet trotzdeem vun der 20. Startplaz an d'Course, well d'Powerunit a sengem Auto huet missen ersat ginn. Et ass eng Strof, déi hie vum Ricciardo geierft huet. Hie war am Q2 och just Opwiermronne gefuer.
Direkt am Q1 ass mam Lewis Hamilton ee vun de Groussen ausgescheet. De Britt krut seng Pneuen net op Temperatur an huet virun allem am zweete Secteur Zäit leie gelooss. D'Entsetze bei Mercedes war deementspriechend grouss, virun allem well hie vun der 18. Positioun un den Depart geet. Nieft dem Rekordweltmeeschter war och fir de Valtteri Bottas, de Zhou Guanyu, de Franco Colapinto an den Alexander Albon fréi Schluss.
*De Pierre Gasly riskéiert, nach eng Strof ze kréien, well hien de Max Verstappen beim Erausfueren aus der Garage bal geroden hat. Den Hollänner konnt e Kontakt mat der Säitemauer sou just vermeiden.
FORMULA 1 PIRELLI UNITED STATES GRAND PRIX 2024