Gewonnen huet zu Austin de Charles Leclerc virum Carlos Sainz. Hannendru klasséiere sech de Max Verstappen an de Lando Norris.

De Charles Leclerc konnt sech direkt um Start op déi 1. Plaz setzen an huet déi och net mei ofginn. Op déi 2. Plaz fiert mam Carlos Sainz de zweete Ferrari. Deemno en optimale Sonndeg fir d'Italieener.

Hannendrun fiert de Lando Norris iwwert de wäisse Stréch. Allerdéngs krut de Britt eng 5-Sekonne-Strof opgebrummt, dat well de Lando Norris beim Iwwerhuelmanöver 4 Ronne viru Schluss géint de Max Verstappen e Tick ze haart vir gaangen ass. Deemno steet de Max Verstappen um Podium, an de Lando Norris gëtt als 4. vun der Course gezielt. Hannendrun fueren den Oscar Piastri, George Russell, Sergio Perez a Nico Hülkenberg.

Am General baut de Max Verstappen seng Avance op de Lando Norris deemno aus.

Resumé vun der Course

D'Spectateuren hunn eng spektakulär 1. Ronn zu Austin gesinn. De Charles Leclerc war um Start de grousse Gewënner. Beim Versuch vum Max Verstappen de Lando Norris ze iwwerhuele konnt de Monegass béid Fuerer iwwerhuelen an huet sech un d'Spëtzt gesat. De Lando Norris louch no der 1. Ronn hannert dem Leclerc, Verstappen a Saint just nach op der 4. Plaz.

An der 3. Ronn huet de Lewis Hamilton Kontroll iwwert Säin Auto verluer an ass am Mulch hänke bliwwen. Deemno e freien Out fir de Mercedes-Pilot.

An der Suite vun der Course konnt sech de Charles Leclerc e Virsprong vu ronn 8 Sekonnen op de Max Verstappen eraus fueren. Bei den 1. Stopps huet et Ferrari fäerdeg bruecht de Carlos Sainz  laanscht de Max Verstappen ze bréngen, deemno en optimalen Undercut vun den Italieener.

An der Schlussphase ass un der Spëtzt näischt mei passéiert, sou dass Ferrari eng Duebel-Victoire ka feieren. Hannendrun ass et awer nawell nach spannend ginn. De Lando Norris ass ëmmer mei no un de Max Verstappen eru komm an huet an der 52 Ronn den Hollänner attackéiert a konnt de Red Bull Pilot och iwwerhuelen. Allerdéngs krut de McLaren Pilot eng 5-Sekonnen-Stroof, sou dass um Enn dann awer de Max Verstappen um Podium steet.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 PIRELLI UNITED STATES GRAND PRIX 2024

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

© RTL