Esou huet Ferrari zu Austin den Doublé geholl

© ERIC ALONSO / Eric Alonso / DPPI via AFP
D'Formel 1 ass fir d'Enn vun der Saison richteg spannend. Fënnef Coursse bleiwen nach ze fueren.
Am Moment huet een d'Impressioun, datt op de verschiddene Weekender, datt mat McLaren, Red Bull, Ferrari an zum Deel och Mercedes dräi bis véier Ecurien a Fro kommen, fir ganz uewen um Podium ze stoen. Lo beim leschte Grand Prix zu Austin an den USA gouf et en Doublé vu Ferrari mam Succès vum Monegass Charles Leclerc viru sengem Equipier Carlos Sainz aus Spuenien. Déi gutt Course vun der Scuderia huet sech awer och schonn an de leschte Courssen ofgezeechent, seet den RTL-Formel1-Expert Dominique Riefstahl:
"An de leschten zwou, dräi Coursse war Ferrari an der Course ëmmer ganz gutt. Dat, wat hir Stäerkt an der Course war, nämlech extreem gutt Degradatioun a gutt Haltbarkeet vun de Pneuen, ass dat wat hinnen allerdéngs am Qualifying natierlech och e bëssen zum Verhängnis ginn ass, nämlech dass se d'Pneuen net grad esou séier op Temperatur kréien an dann an der Qualifying eeben net déi selwecht Performance kënnen duerleeë wéi déi aner. Dat ass ëmmer e Kompromëss, deen ee muss fannen. Do muss een dat richteg treffen. Dat ass net ëmmer einfach, do déi richteg Balance ze treffen. Mä Ferrari huet dat dann effektiv mat e bësse Gléck an e bëssen Ënnerstëtzung vum Pech vun deenen anere ganz gutt kënnen ëmsetzen."
Ob Ferrari e weidere Succès ka feieren, gesi mer da schonn de Weekend beim Grousse Präis vu Mexiko. Fënnef Coursse viru Schluss huet de Max Verstappen op Red Bull am Weltmeeschterschaftsklassement als Éischte 57 Punkten Avance op de Lando Norris um McLaren an 79 op de Charles Leclerc.