Den Ament geet et an der Formel 1 Schlag op Schlag. Nom Charles Leclerc senger Victoire an dem Double vu Ferrari zu Austin geet et a Mexiko.

Beim Grousse Präis vu Mexico-City spillt virun allem d'Héicht eng Roll. De Circuit Hermanos Rodrigues läit nämlech 2.285 Meter iwwert dem Mieresspigel. Méi héich läit keng Streck am Formel-1-Kalenner. Et ass schonn eng Erausfuerderung fir Mënsch a Maschinn. D'Leit aus dem ganze Formel-1-Zirkus hunn en plus net laang Zäit, fir sech ze adaptéieren an ze akklimatiséieren, erkläert de Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:

"Fir de Mënsch bedeit Mexiko normalerweis Kappwéi, schlecht Loft kréien, séier ausser Otem sinn an net gutt schlofen. Dat huet en Afloss op d'Performance vun de Piloten natierlech. Si sinn zwar duerchtrainéiert Athleeten, mee och laanscht si ginn 20 % manner Sauerstoff einfach net spuerlos laanscht. A bei den Ingenieure geet dat natierlech och net spuerlos laanscht. Déi hunn effektiv ëmmer erëm mat Kappwéi ze kämpfen, mat schlechter Laun, mat nach méi Jetlag etc. Dat sinn d'Klengegkeeten. Mee déi Klengegkeete kënnen dozou féieren, dass een dann éischter e Feeler mécht."

Op d'Maschinn, op den Auto also, huet déi Altitude dräi Auswierkungen:

"Zum enge beim Cooling. Et kënnt manner Loft duerch d'Ouverturen, well einfach d'Loft méi dënn ass. Doduerch killen d’Bremse manner of. De Küler fonctionéiert net esou gutt. Fir de Motor heescht dat natierlech och, dass manner Loft do ass, déi ka kompriméiert ginn. Kloer, et kann een den Turbo méi séier lafe loossen an doduerch, dass een d'Pompel méi séier lafe léisst, kann een dann awer méi Loft eran zwéngen. Do ass dann e bëssen den Design-Limit vum Turbo selwer, dee seet, wéi vill vun deem Mangel, deen een duerch d'Loft huet, ka kompenséieren."
 
D'lescht Woch beim Grousse Präis vun den USA zu Austin am Texas war Ferrari am Stäerksten. McLaren war net méi sou dominant, och géintiwwer Red Bull, wéi nach an deene Coursse virdrun. D'Fro, déi ee sech stelle kann, ass: Huet McLaren an der Paus iwwer véier Wochen, déi tëscht Singapur an Austin war, e Schratt no hanne gemaach, oder Red Bull nees een no vir? Dat ass schwiereg anzeschätzen, seet den RTL-Formel-1-Expert:

"Dat eent bréngt ëmmer dat anert mat sech. Et gesäit esou aus, wéi wa McLaren effektiv Pace-méisseg net ganz op deem Niveau, wou elo an der Course war, wéi se et an deene Coursse virdru waren. An awer muss een oppassen, dass een elo net, ech soen elo Mol, Streckespezifizitéit ze vill verwiesselt mat allgemenger Performance vum Auto."
 
Den Dominique Riefstahl weess och, datt de Paddock zu Mexico-City eenzegaarteg ass:

"Si gi sech enorm vill Méi, fir do richteg Kultur eriwwerzebréngen. Si hunn e ganzt Dierfchen opgebaut am Paddock, mat Tequilla-Stand, mat Churro-Stand, mat Tacco-Stand, mat Gesiichter bemole loossen, mexikanesche Wrestler-Uniformen a Kostümer etc. Si maache wierklech hiert Bescht, fir do d'Kultur de Leit méi nozebréngen. Dat mécht eng extreem frëndlech an extreem lëschteg Atmosphär."
 
Am Weltmeeschterschaftsklassement konnt de Max Verstappen op Red Bull no Austin seng Avance un der Spëtzt op 57 Punkten op den Zweeten de Lando Norris op McLaren ausbauen. Op Ferrari nom wëlle Rëtt am Texas och nees e Wiertche bei der Fiesta Mexicana ka matschwätzen, gesäit een dann e Sonndeg den Owend. 
 
Lass geet et schonn e Freideg den Owend an e Samschdeg mat de fräien Trainingen online op RTL.lu an RTL Play. D'Qualifikatioun ass e Samschdeg den Owend vun 23 Auer un dann och op Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE. De Grousse Präis vu Mexico-City geet e Sonndeg den Owend um 21 Auer lass. De Virprogramm bei de Kolleege vun der RTL Tëlee Lëtzebuerg fänkt um 20.15 Auer un.

D'Virschau op de grousse Präis vu Mexico-City / Franky Hippert