De Grousse Präis vu Mexico-City gëtt e Sonndeg den Owend um 21 Auer eiser Zäit gefuer.

No senger Podiumsplaz de leschte Weekend zu Austin an den USA huet sech de Carlos Sainz kuerz no Hallefnuecht e Sonndeg d'Pole Position beim Grousse Präis vu Mexico-City geséchert. De Ferrari-Pilot huet de Weltmeschter Max Verstappen op Red Bull ëm 0,2 Sekonnen hannert sech gelooss. Fir de Spuenier ass et déi sechst Pole a senger Karriär.

Den Duell ëm déi drëtte Startplaz war méi enk. Tëscht dem Lando Norris op McLaren an dem Charles Leclerc op Ferrari louchen nëmmen 0,005 Sekonnen.

De Grousse Präis vu Mexico-City gëtt e Sonndeg den Owend um 21 Auer eiser Zäit gefuer. Vun 20.15 Auer u sinn d'Kolleege vun der Tëlee live fir Iech mat dobäi.

Fir den Oscar Piastri op McLaren an de Sergio Perez op Red Bull war iwwerraschend schonn am Q1 Feierowend. Ganz batter fir de Perez, dee sech beim Grand-Prix viru sengen eegene Spectateure sécherlech méi virgeholl hat. Donieft sinn och nach de Franco Colapinto op Williams, den Esteban Ocon op Alpine an de Zhou Guanyu op Sauber eliminéiert ginn.

De Q2 gouf wéinst engem Crash vum Tsunoda fréizäiteg ofgebrach. De Japaner war an der Kéier 12 am Agang vum Stadion vun der Streck ofkomm an hannerzeg ageschloen. Him ass näischt geschitt. Well deen Ament nëmmen nach zwielef Sekonnen op der Auer waren, ass de Q2 net méi gestart ginn. Nieft dem Tsunoda (RB) sinn och nach de Liam Lawson (RB), de Fernando Alonso (Aston Martin), de Lance Stroll (Aston Martin) an de Valtteri Bottas (Sauber) eliminéiert ginn.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2024

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

© RTL