Carlos Sainz gewënnt virum Lando Norris

© AFP
Op déi drëtte Plaz fiert den zweete Ferrari-Pilot Charles Leclerc. De Max Verstappen fiert no enger 20-Sekonne-Strof just op déi 6. Plaz.
De Carlos Sainz huet seng 1. Plaz um Start wuel un de Max Verstappen verluer gehat, sollt an der Suite awer eng feelerfräi Course fueren a fiert souverän no 71. Ronnen als 1. iwwert de wäisse Stréch. Et ass dem Sainz seng zweete Victoire an dëser Saison. Op déi zweete Plaz fiert de Lando Norris, deen de Carles Leclerc 8 Ronne viru Schluss vun der zweeter Plaz verdrängt huet.
De McLaren-Pilot hellt mat senger 2. Plaz wuel 10 Punkten op de Verstappen am WM-General op, huet awer nach ëmmer 47 Punkte Réckstand op den aktuelle Weltmeeschter. An der Konstrukteur-WM huet Ferrari e grousse Schratt no vir gemaach an huet do Red Bull elo iwwerholl. Hei leit McLaren un der Spëtzt, viru Ferrari an ebe Red Bull.
Resumé vun der Course
De Max Verstappen ass besser fort komm wéi de Carlos Sainz a fiert als éischten an déi 1. Kéier. Hannendrun koum et zu Kollisioun tëscht dem Alexander Albon an dem Yuki Tsunoda. De Safety-Car huet nach an der éischter Ronn missen op Stréck kommen.
An der 9. Ronn huet de Carlos Sainz mat engem flotten Iwwerhuelmanöver géint den Hollänner op Red Bull seng 1. Plaz zeréck erkämpft. Kuerz dorop ass et richteg hektesch ginn. De Lando Norris a de Max Verstappen hu sech näischt geschenkt an et ass zu enger klenger Touchette komm. Profiteur war de Charles Leclerc, deen sech vun der 4. op déi 2. Plaz verbessert huet. Stewards hunn dem Max Verstappen opgrond vun dem haarden Virgoen géint den Lando Norris eng 10-Sekonne-Strof opgebrummt.
E Tick mei spéit ass dunn nach eng 10-Sekonne-Strof bäi komm, dat well d'Stewards 2-Renn-Auktiounen ënnersicht hunn. Deemno krut de Weltmeeschter am Total eng 20-Sekonne-Strof, déi e bei sengem 1. Boxestopp ofgesat huet. Um Enn fiert den Hollänner op déi 6. Plaz.
Un der Spëtzt gouf et dono kaum Changementer. Ferrari huet d'Course a Persoun vum Carlos Sainz dominéiert. De Spuenier gewënnt deemno zu Mexico-City virum Lando Norris, deen de Charles Leclerc kuerz virun Enn vun der 2. Plaz verdrängt huet. De Charles Leclerc fiert op déi 3. Plaz. Hannendrun klasséiere sech béid Mercedes Pilote Lewis Hamilton a George Russell.
Ze bemieken ass dass béid Haas Piloten, Kevin Magnussen (7.) a Nico Hülkenberg (9.) an d'Punkten fueren. A senger 400. Course ass de Fernando Alonso op Aston Martin net op en Enn gefuer. Hien huet säin Auto missen an der 16. Ronn an der Box oofstellen.
FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2024