Verstappen muss an der Startopstellung fënnef Plazen no hannen

© AFP (Archiv)
De Weekend mécht d'Formel 1 Statioun a Brasilien.
Dem Max Verstappen säi Red Bull brauch fir de Grousse Präis vu Brasilien um legendäre Formel-1-Circuit zu Interlagos een neie Motor, d'Limitt huet d'Ecurie beim Verstappen awer schonn iwwerschratt. Dowéinst kritt den dräifache Formel-1-Weltmeeschter eng Strof a gëtt e Sonndeg beim GP an der Startopstellung fënnef Plazen no hanne versat.
Wéi et vum Red-Bull-Motorsport-Beroder Helmut Marko heescht, géif et ouni Motorwiessel a Brasilien net goen an eng Strof vu fënnef Plaze wier am Verglach zu engem ale Motor de méi klengen Iwwel. Donieft ass d'Iwwerhuelen zu Interlagos besser méiglech wéi op anere Circuiten.
Op d'Formel-1-Fans waart a Brasilien nees e Sprint-Weekend. Lass geet et e Freideg mam Fräien Training an dem Sprint-Qualifying, e Samschdeg geet et weider mam Sprint an dem Qualifying an dann e Sonndeg gëtt de Grousse Präis vu Brasilien gefuer. Op RTL verpasst Dir keen Ament.