Kuerz iert de brasilianeschen F1-Weekend um Circuit vun Interlagos ufänkt, annoncéiert Haas ee Fuererwiessel.

E Freidegmoie Lokalzäit huet Haas matgedeelt, dass de Kevin Magnussen sech net gutt fillt, an dowéinst den éischten Dag, also den eenzege fräien Training an de Sprint Qualifying, verpasse wäert. Haas wollt am Laf vum Weekend informéieren, op de Kevin Magnussen iere fir den Haaptquali um Samschdegmëtteg erëm fit genuch wier.

Mëttlerweil koum awer d'Konfirmatioun, dass den Interlagos-Polesetter vun 2022 esou krank ass, dass hien de komplette Weekend ausfält.  
 
De Kevin Magnussen gëtt duerch den Haas- a Ferrari-Ersatzpilot Oliver Bearman ersat. De Britt kënnt esou zu engem weidere spontanen Asaz an der Formel1. Hien hat a Saudi-Arabien schonn de Carlos Sainz am Ferrari an am Aserbaidschan de Kevin Magnussen am Haas ersat. Bei béiden Asätz huet de Bearman 7 Punkte gesammelt. D’nächst Joer wäert hien déi ganz Saison fir Haas fueren.

RTL

© Moneygram Haas F1 Team

Den Zäitplang vum Grousse Präis vu São Paulo:

Sprint, Samschdeg vu 14h45 u live op RTL ZWEE an RTL PLAY
Qualifying, Samschdeg vun 18h45 u live op RTL ZWEE an RTL PLAY
Grand-Prix, Sonndeg vu 17h15 u live op RTL ZWEE an RTL PLAY