GM/Cadillac kéinte vun 2026 un dobäi sinn

© IMAGO/Philippe Nanchino/SID/IMAGO/Philippe Nanchino
Et kéint sinn, datt vun 2026 un 11 Ecurien an der Formel 1 fueren. D’Gespréicher mat General Motors (GM) sinn an engem fortgeschrattene Stadium.
Dat huet d’Formel 1 e Méindeg confirméiert. D’FIA, déi international Automobilsportfederatioun, bestätegt, datt een e Grondsaz-Accord mat GM huet, fir datt de Constructeur an zwee Joer an d’Kinneksklass vum Automobilsport kéint dobäikommen.
Vun der Formel 1 heescht et: "Am Laf vun dësem Joer hunn si operationell Meilesteen erreecht, hunn hiert Engagement bewisen, fir dat eeleft Team ënner der Mark GM/Cadillac ze ginn, an datt GM zu engem spéideren Zäitpunkt als Motorhiersteller kéint bäitrieden."
De Formel-1-Chef Stefano Domenicali seet: "D’Engagement vun General Motors a Cadillac fir dëse Projet ass e wichtegen a positive Beweis fir d'Entwécklung vun eisem Sport. Mir freeën eis, de Fortschrëtt an de Wuesstem vun dësem Projet ze gesinn, well mir der voller Zesummenaarbecht an Ënnerstëtzung vun allen involvéierte Parteie sécher sinn.
Fir General Motor ass d’Formel 1 eng global Bün fir d’Ingenieurskonscht an d’Technologiewiesen op engem komplett neien Niveau ze demonstréieren.
Hannergrond: Andretti-Projet elo ouni Andretti?
Dëse Projet huet mat enger Initiativ vum Michael Andretti ugefaangen. Mee d’Team Andretti Global war an der F1 net wëllkomm (RTL - Formel 1: Dismissed! Andretti-Team ass net wëllkomm). Déi 10 Ecurië wollte virun allem aus finanzielle Grënn ënnert sech bleiwen. Dat offiziellt Argument war, dass d’Andretti-Team trotz GM-Ënnerstëtzung keng Plus-value fir d’F1 wier. Och wann et duerno roueg ronderëm dee Projet gouf, gouf hannert de Kulisse weider un engem 11. Team geschafft. Virun e puer Woche koum Beweegung an den Dossier.
General Motors schéngt, elo de Lead beim Projet iwwerholl ze hunn. Amplaz de Projet nëmmen als Titelsponsor z’ënnerstëtzen, envisagéiert den US-Constructeur elo esouguer eng vollwäerteg Wierksecurie. Donieft huet de Michael Andretti sech viru kuerzem aus dem operative Geschäft vu senger Familljenentreprise zeréckgezunn. Mëttlerweil huet den Dan Towriss bei der amerikanescher Traditounsecurie d’Soen. Et huet sécher och gehollef, dass de Gref Maffei sech als CEO vu Liberty Media, dem Proprietär vun der F1, Enn vum Joer zeréckzéie wäert. De Greg Maffei an de Michael Andretti krute gréisser perséinlech Divergencen nogesot.
Onkloer bleift, wéi eng Roll Andretti beim GM-F1-Projet spille wäert. Op der enger Säit gëtt de Mario Andretti, de fréiere F1-Weltmeeschter a Papp vum Michael Andretti, als méigleche Conseilsmember vum Team genannt. Op der anerer Säit gëtt “Andretti Global” a kengem eenzege Pressecommuniqué ernimmt. Do gëtt vun TWG Global als GM-Partner geschwat. TWG ass d’Firma vum neien Andretti-CEO Dan Towriss an d’Mammefirma vun Andretti Global.