Formel 1
Isack Hadjar sëtzt nächst Joer am zweete Cockpit bei Racing Bulls
Wéi d'Ecurie e Freideg matgedeelt huet, ass et elo kloer, wien déi nächste Saison den Teamkolleeg vum Yuki Tsunoda wäert ginn.
Et ass elo confirméiert: Den Isack Hadjar gëtt an der Formel 1 den zweete Stammpilot bei Racing Bulls an ersetzt de Liam Lawson. Den 20 Joer ale Fransous mat algeresche Racinnen ass domat neien Equipier vum Japaner Yuki Tsunoda.
En Donneschdeg war et jo d‘Nouvelle, datt den Neiséilänner Liam Lawson vun der Farm-Ekipp vu Red Bull déi nächst Saison bei d‘éisträichesch Ecurie mam Weltmeeschter Max Verstappenn wiesselt. Den Hadjar war d’lescht Saison an der Formel 2 hannert dem neie Sauber-Pilot Gabriel Bortoleto aus Brasilien am Schlussklassement den Zweete ginn.

Am meeschte gelies