Williams FW47: Fir de Carlos Sainz fänkt eng nei Ära un
Williams huet um Circuit vu Silverstone säin Auto fir 2025 gewisen. Neie Pilot bei der Traditiounsécurie ass den Ex-Ferrari-Fuerer Carlos Sainz.
Eigentlech wollt Williams als alleréischten Ecurie hiren Auto fir 2025 virstellen. Mee do hate si d’Rechnung ouni McLaren gemaach, déi um Donneschdeg iwwerraschend déi éischt Biller vun hirem MCL39 verëffentlecht hunn (RTL - Formel 1: McLaren presentéiert als éischt Ecurie hiren neien Auto). D’Williams-Presentatioun um Circuit vu Silverstone war awer e bësse méi grouss opgezunn. Amplaz nëmmen e puer Fotoen ze verschécken, huet déi englesch Traditiounsécurie ee Live-Stream vu 45 Minutte produzéiert. Fir d’éischt hunn d’Piloten an déi Responsabel op déi nei Saison no vir gekuckt an duerno gouf den neien FW47 op d’Streck gelooss.
Déi ganz Presentatioun vu Williams Racing op Youtube
Dës Presentatioun war och den éischten offiziellen Optrëtt vum Carlos Sainz a Williams-Faarwen. De 4-fache Grand-Prix-Gewënner huet jo bei Ferrari misste Plaz maache fir de Lewis Hamilton, a koum um Enn beim Underdog Williams ënner Daach. De Spuenier gëtt do Teamkolleeg vum Alexander Albon. Béid Williams-Piloten hunn iwwregens eng kuriéis Gemeinsamkeet: allebéid krute wärend hirer F1-Karriär de Blinddarm erausgeholl.
De Carlos Sainz hofft, dass hien d’Traditiounsecurie mat sengem Know-How no vir brénge kann. Den Ex-Ferrari-Pilot huet de Ruff, den Ingenieuren den néidegen Input ze ginn, fir dass déi den Auto an déi richteg Richtung entwéckele kënnen. Den Alexander Albon, deen a seng véierte Saison mat Williams geet, fäert net, dass hien duerch de Carlos Sainz ze vill ënnert Drock geréit. Den thailännesch-brittesche Pilot hofft, dass hien nach eppes vum Sainz léiere kann, an dass si hir Ecurie zesummen no vir brénge kënnen.
D’lescht Saison koum Williams Racing mat 17 Punkten nëmmen op déi zweetleschte Plaz an der Constructeurs-Weltmeeschterschaft. Dat loung zum Deel och um schwaachen Optrëtt vum US-Pilot Logan Sargeant. 2025 geet Williams awer mat engem vun de stäerkste Piloten-Duoen un den Depart. De Vowles hofft dofir och op eng erfollegräich Saison, mee gëtt gläichzäiteg ze bedenken, dass et och fir Williams nëmmen eng Iwwergangssaison ass. Den eigentleche Fokus an der Fabrick zu Grove géif nämlech schonn um neien technesche Reglement fir 2026 leien.

© Atlassian Williams Racing
Den FW47 ass eng Weiderentwécklung vum FW46. Well een awer iwwert 1.000 Detailer verbessert huet, wier et legitim, den FW47 als komplett neien Auto ze bezeechnen. Op den éischte Bléck fale virun allem Changementer bei de Säitekëschten op. Williams schéint do op een ausgepräägten “Overbite” ze setzen. Déi extrem schmuel Loftentreeën nieft dem Cockpit verstoppe sech ënnert der Karosserie, déi wäit no vir gezunn ass.
Faarflech läit den FW47, deen e Freideg zu Silverstone gewise gouf, ganz no um Auto vun 2024. Mee et ass net den definitive Look fir 2025. Deen däerfen d’Ecurien nämlech eréischt nächsten Dënschdeg beim groussen “F1 75”-Event an der O2-Arena zu London weisen. Neien Williams-Haaptsponsor ass iwwregens ass Atlassian, eng Software-Firma mat Sëtz zu San Francisco a Sydney.