Ferrari huet um Circuit vu Fiorano fir d’éischte Kéier den neien SF-25 getest. Gefuer ass als éischt de Charles Leclerc an duerno de Lewis Hamilton.

No der grousser Virstellung vun all den neie Formel-1-Boliden zu London huet d'Ecurie Ferrari hiren SF-25 elo op d'Streck geschéckt. Et war deen éischten Test vum neien Auto fir d'Saison 2025 an et war de Charles Leclerc, deen als éischte Pilot Kilometere mam Auto maache konnt. Ëffentlech gemaach gouf dat iwwer déi sëlleg Socialmedia-Konte vun der Scuderia.
 
Och am Auto e Mëttwoch souz de siwefache Weltmeeschter Lewis Hamilton, dee jo no senger leschter Saison bei Mercedes zejoert op onbekannt Zäit bei der italieenescher Traditiounsecurie ënnerschriwwen huet (Euphorie zu Maranello: Benvenuto a Lewis!). Bei Ferrari erhofft ee sech, mam Duo Hamilton-Leclerc zeréck an d'Spuer ze fannen an déi nächst Joren net nëmmen ëm Titele matfueren ze kënnen, mee och eng gutt Chance ze hunn, se ze gewannen. Et dierft ee vun de beschte Piloten-Duoen um Grid sinn, wat natierlech d’Erwaardunge bei de Supporter net méi kleng gi léisst.

D’lescht Saison ass nach de Spuenier Carlos Sainz nieft dem Charles Leclerc op Ferrari gefuer. Souwuel hien, wéi och de Leclerc haten hir direkt Dueller géint Norris a Piastri verluer. Ferrari war doduerch just knapp op déi zweet Plaz bei de Konstrukteure komm. Den Titel gouf um Enn mat enger Differenz vun nëmme 14 Punkten a sechs zu fënnef Victoirë vu McLaren gewonnen.
 
Mam SF-25 ass een, wat den Numm ugeet, en ligne mam Virgänger. Et ass den 71. Formel-1-Auto, dee vu Ferrari gebaut gouf, an de véierten an der aktueller Ground-Effect-Era. Ee grousse Changement gouf et virun allem bei der viischter Ophänkung, wou een elo op ee sougenannte "pull-rod"-Design setzt an net méi wéi beim Virgänger op "push-rod". Dëst soll de Loftfloss ronderëm den Auto verbesseren a méi Méiglechkeeten ophalen, den Auto am Laf vun der Saison ze updaten. Dat war ee Problem um Enn vun der leschter Saison, wou ee praktesch alles ausgereizt hat. Fir de Rescht ass den SF-25 Ferrari eng direkt Weiderentwécklung vum Auto virdrun.
 
Faarflech bleift ee sech, wat déi rout Faarf ubelaangt, zwar trei, se gëtt awer insgesamt e bësse méi däischter. Hannen um Auto ass elo eng déck wäiss Sträif ze fannen an och de Front- an den Heckspoiler sinn a wäisser Faarf gehalen. Datt HP weiderhin den Haaptsponsor vun der Traditiounsecurie ass, dierft mat dem grousse Logo hannen och bal net ze iwwersi sinn.