No 13 Weekender ouni Formel 1 geet et d'nächst Woch nees lass.

Am Bahrain konnten d'Ecurië virun enger Woch vun hire weiderentwéckelten Autoen éischt Andréck an der Realitéit an Donnéeë sammelen. Duerno war fir de ganze Formel-1-Zirkus a virun allem fir d'Pilote wichteg, esou séier wéi méiglech zeréck an d'Fabrick an an de Simulator ze goen, erkläert den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.

Extrait Dominique Riefstahl (1)

"An do Korrelatiounsfaarten ze maachen. Korrelatiounsfaarten heescht, den Auto am Simulator muss herno sech d'selwecht behuele wéi deen um Circuit. E muss déi selwecht Balance virweisen, e muss déi selwecht Limitatiounen opweisen an e muss virun allem déi selwecht Problemer a Problematike virweisen, nämlech nëmmen da kënnen d'Leit am Simulator och effektiv nei Saachen ausprobéieren, nei Set-ups-Richtungen agoen an op d'Problematiken agoen a probéieren, Léisungen erauszefueren. Dat Zweetwichtegst fir d'Piloten ass, duerno séierstméiglech an Australien ze reesen. Do sinn tëschent zéng an eelef Stonnen Zäitdecalage. D'Pilote musse fréizäiteg an Australien sinn, fir den Jetlag ze iwwerwannen a fir kënnen optimal ze performen."

No 13 Weekender ouni Formel 1 geet et d'nächst Woch nees richteg lass an der Kinneksklass vum Automobilsport. Fir hire 75. Anniversaire fänkt d'Formel 1 hir Saison dëst Joer nees an Australien un. Australien ass schonn e bëssen eenzegaarteg, well et esou wäit ass a well et iwwer 24 Stonne Fluchzäit sinn, fir dohinner ze kommen, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.

Extrait Dominique Riefstahl (2)

"D'Autoe gi scho fortgeschéckt siwen Deeg virdrun, fir dass se spéitstens fënnef Deeg virun der Course ukommen. Entspriechend sinn och d'Mecanicienen, déi gläichzäiteg fortfléien, fir dann do ze sinn, den Auto ze empfänken, fir fit ze maache fir den éischten Training. D'Ingenieure sinn u sech déi lescht, déi ukommen, déi kommen tëschent dräi a véier Deeg virun der Course un. An dat ass méi fréi wéi op deene meeschte Circuiten, ebe grad well d'Zäitverschibung esou grouss ass, a fir dass se Zäit hunn, sech e bëssen ze klimatiséieren, wierklech duer geet dat nämlech net. D'Pilote reese vill méi fréi un, fir dass si net méi mat Jetlag ze kämpfen hunn, wa se bis an Australien sinn, a fir dass do absolut keng Performance leie bleift, well d'Piloten nach mat Jetlag ze kämpfen hätten."

No den Tester am Bahrain virun enger Woch ass et schwiereg, eng richteg Prognos ze maachen. Déi meescht Formel-1-Supporter dierften awer gespaant op den éischte Grand Prix vum Britt Lewis Hamilton an engem Ferrari kucken. No der Qualifikatioun d'nächst Woch zu Melbourne huet een da schonn e bessert Bild, wéi et mat de Kräfteverhältnisser an der Kinneksklass vum Automobilsport fir d'Saison 2025 ausgesäit.

D'Formel 1 kënnt dir och dëst Joer nees live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE an online op RTL Play suivéieren.