No 4 Courssen an dëser Saison an der Formel 1 ass den Oscar Piastri deen éischte Pilot, deen zwee Grand Prixen an dësem Joer gewonnen huet.

De McLaren-Pilot wierkt mental méi stabil wéi säin Equipier Lando Norris. Och wann deen am Weltmeeschterschaftsklassement am Moment un der Spëtzt nach 3 Punkte virum Piastri steet, stellt sech awer d'Fro, ob een de 24 Joer alen Australier bei McLaren net soll als Nummer 1 deklaréieren. Villäicht sinn dem Oscar Piastri seng Chancë jo effektiv méi grouss wéi dem Norris seng, fir dem Red-Bull-Pilot Max Verstappen d'Weltmeeschterkroun ofhuelen ze kënnen. Dozou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:

Den Dominique Riefstahl iwwer dem Oscar Piastri seng Chancen als Nummer 1

"Engem Oscar Piastri ass d'Haut méi no wéi d'Hiem. Et ass kloer, dass hie sech elo als Mat-Titel-Anwäerter gesäit an dass en deementspriechend och agéiert a fiert. Bei McLaren ass d'Situatioun allerdéngs relativ einfach. Si musse guer näischt maachen. Si musse sech zeréckleenen, déi zwee Pilote fuere loossen. De Moment bréngen déi all Woch am meeschte Punkte vun all gudden Ecurië mat heem. Domadder baut sech de Virsprong vum McLaren an der Konstrukteursweltmeeschterschaft bestänneg weider aus. An dat kënnt hinne ganz entgéint. Wa si elo do ufänken, anzegräifen an tëscht de Pilote probéieren, Reegelen ze maachen, do kréie si eng Onrou dran, déi guer net néideg ass. Si musse just d'Piloten agéiere loossen, hinne fräi Hand loossen awer kloerstellen: dir däerft géintenee Coursse fueren. Et muss just zu all Moment propper bleiwen." 

Et geet Schlag op Schlag an der Formel 1. Lo de Weekend ass mam Grousse Präis vu Saudi-Arabien, no Japan a Bahrain, déi drëtt Course an Zäit vun zwou Wochen. Wien do ganz uewen um Podium steet, kënnt Dir nees live op RTL Tëlee op RTL Zwee an op RTL Play suivéieren.