Lando Norris op der Pole virun Oscar Piastri

© DIMITAR DILKOFF / AFP
Nom Sprint um Moien ass e Samschdeg am Nomëtteg de Qualifying fir de Grousse Präis vun der Belsch gefuer ginn.
De Lando Norris start fir d'éischte Kéier a senger Karriär beim Grousse Präis vun der Belsch vun der Pole Position. De Britt huet sech e Samschdeg am Qualifying um Circuit Spa-Francorchamps viru sengem McLaren-Teamkolleeg Oscar Piastri behaapt. De Charles Leclerc am Ferrari ass am Qualifying op déi drëtte Plaz gefuer.
De Max Verstappen, deen e Samschdeg an der Mëttegstonn de Sprint gewonnen hat, huet sech misse mat der véierter Plaz zefridde ginn. Deemno start de Weltmeeschter aus der zweeter Rei.
Fir de Lewis Hamilton ass et weider e schwierege Weekend. De Britt ass a sengem Ferrari schonn am Q1 eliminéiert ginn. Hie krut seng séierste Ronn wéinst engem Verstouss géint d'Tracklimits oferkannt. Donieft war et nach den Out fir déi zwee Aston-Martin-Piloten Lance Stroll a Fernando Alonso, de Mercedes-Pilot Kimi Antonelli an de Franco Colapinto am Alpine.
Am Q2 war Feierowend fir déi zwee Haas-Piloten Esteban Ocon an Oliver Bearman, de Pierre Gasly am zweeten Alpin, den Nico Hülkneberg am Sauber an de Carlos Sainz am Williams.
De Grousse Präis vun der Belsch gëtt e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer gestart. Op RTL kënnt Dir vu 14 Auer u live mat dobäi sinn. Eng Ekipp vun RTL wäert sech nees live vun der Plaz mellen. Et kann ee sech op eng spannend Course astellen. Et ass Reen virausgesot.