E Sonndeg de Moie fréi eiser Zäit ass an den USA déi drëttlescht Course vun der Saison gefuer ginn.

Grousse Réckschlag fir McLaren an der Lutte ëm de Weltmeeschterschaftstitel an der Formel 1. Béid McLaren-Pilote Lando Norris an Oscar Piastri sinn nom Grousse Präis vu Las Vegas disqualifizéiert ginn. Si verléieren domadder hir Plazen zwee a véier an och d'Punkten. Bei béiden Autoe war no der Course den Ënnerbuedem ze vill ofgenotzt. Eng Plack aus Holz, déi ënner dem Auto befestegt ass, hat no der Course net méi déi minimal Déckt vun 9 Millimeter.

Grousse Profiteur vun der McLaren-Disqualifikatioun ass de Max Verstappen op Red Bull. Den aktuelle Weltmeeschter huet de Grousse Präis vu Las Vegas souverän gewonnen. Zwou Coursse viru Schluss ass elo nees alles dran am Kampf ëm de WM-Titel. De Lando Norris steet nach un der Spëtzt. Hie bleift bei 390 Punkten. Den Oscar Piastri huet 366 Punkten, genee wéi elo och de Max Verstappen. Deemno ass dem Norris säi Virsprong op de Verstappen op 24 Punkte geschmolt.

An de leschten zwou Coursse vun der Saison sinn nach maximal 58 Punkten ze huelen. Den nächste Weekend waart op d'Piloten am Katar e Sprint-Weekend. Zu Abu Dhabi ass de 7. Dezember d'Finall vun der Saison. Spéitstens da wäert d'Decisioun ëm den Titel falen.

De Podium zu Las Vegas hunn hannert dem Verstappen um Enn déi zwee Mercedes-Piloten George Russell a Kimi Antonelli komplettéiert. Den Antonelli war nëmme vu Plaz 17 an d'Course gaangen an hat wéinst engem ze fréien Depart eng Zäitstrof vu fënnef Sekonne kritt.

De Resumé vun der Course

Den aktuelle Weltmeeschter Max Verstappen huet de Grousse Präis vu Las Vegas an den USA gewonnen. Den Hollänner konnt mat sengem Red Bull direkt um Depart de Polesetter an aktuelle WM-Leader Lando Norris op McLaren, deen an der éischter Kéier ze wäit erauskomm war, iwwerhuelen. Iwwer déi komplett 50 Ronnen ass de Verstappen vun der Spëtzt aus enger souveräner Victoire entgéint gefuer an huet säi sechste Succès an dëser Saison gefeiert.

De WM-Leader Norris hat um Depart nieft dem Verstappen och missen den George Russell op Mercedes, dee vu Plaz véier an d'Course gaange war, passéiere loossen a louch bis déi 34. vun de 50 Ronnen op der drëtter Plaz. Deen Ament konnt hien de Russell nees iwwerhuelen an huet déi zweete Plaz bis zum Schluss behaapt. De Russell ass als Drëtten iwwer de Wäisse Stréch gefuer. Op de Plaze véier a fënnef sinn den Oscar Piastri op McLaren an de Kimi Antonelli op Mercedes ukomm.

Duerch déi nodréiglech Disqualifikatioun vun Norris a Piastri réckelen de Russell an den Antonelli op d'Plazen zwee an dräi no vir.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025