Krimi an der Formel 1. No der duebeler McLaren-Disqualifikatioun ass de Max Verstappen elo drun. Trotzdeem huet den Norris am Katar Matchball.

Et war déi grouss Schlagzeil no der Las-Vegas-Course: béid McLaren goufe wéinst engem ze vill ofgenotzten Ënnerbuedem disqualifizéiert. Dem Lando Norris seng confortabel Avance ass domadder op 24 Punkten zesummegeschmollt. A virun allem huet hien elo de Max Verstappen direkt am Genéck sëtzen. Wann d'McLaren-Piloten elo nervös ginn, a wann de Verstappen den Angschtschweess vu senge Géigner richt, ass alles méiglech.

Mee wéi eisen Expert Dominique Riefstahl erkläert, ass Papaya um Pabeier de grousse Favorit. De Lando Norris huet um Circuit vu Losail (eng 25 Kilometer vun der katarescher Haaptstad Doha) ee Matchball. Fir fréizäiteg Weltmeeschter ze ginn, brauch hien awer quasi ee perfekte Weekend. Wann hie beispillsweis de Sprint an de Grand-Prix gewënnt, ass d’WM zu senge Gonschten decidéiert.

Suivéiert de FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2025 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Commentaire: Tom Hoffmann

Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann

Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.

D'Analys vum RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl

Losail gëtt gären als Mickymaus-Maus-Circuit bezeechent, well säi Layout u sech méi fir MotoGP ausgeluecht ass wéi fir d'Formel 1. Doduerch dass et permanent vun enger Kéier an déi aner iwwergeet, sinn d'Iwwerhuelméiglechkeete limitéiert, well een net no um Auto virdru ka bleiwen.
 
Gläichzäiteg bedeit dat vill Gezappels eng enorm Belaascht fir d'Pneuen, déi d'Italieener direkt mat enger Ronne-Limitatioun (maximal 25 Ronne pro Saz) ënnersträichen. Déi héich Degradatioun an déi grouss Pace-Differenzen, déi sech doduerch erginn, maachen awer d'Dier op, fir strategesch kënnen z'iwwerhuelen. Gekoppelt mam erzwongenen Zwee-Stopp wäert dat eng taktesch raffinéiert Course ginn.

De Circuit verlaangt Upressdrock. Hei gëtt erëm vill Downforce gefuer. De Circuit belount ee villsäitegen Auto, deen d'Pneuentemperatur gutt kontrolléieren an optiméiere kann. Upressdrock ass wichteg, well een da manner rutscht an d'Hëtzt vun de Bremsen da besser evakuéiert ka ginn.
 
De Vitessberäich ass gréisstendeels Medium a Medium/High. Dat wäert Papaya schmaachen. Am ganz Séiere konnte si Red Bull net ofhänken an am Luesen hu si Mercedes um Hals, mee de Medium-Beräich ass a bleift fest a McLaren-Hand.
 
Mol kucken, ob d'Rousewaasser passend ass, fir d'Championnat eng Ronn viru Schluss ze feieren. A Saachen décke Kapp den Dag drop hëlleft et op alle Fall.

RTL

© Mercedes-AMG PETRONAS F1 Team

Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken

Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d'F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d'Livestreamen an d'Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm a -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir d'Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Programm

Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play

Freideg, 28. November  2025: 14h25 – 15h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Sprint Qualifying, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Freideg, 28. November 2025:
Ufank vun der Emissioun: 18h25
Start vun der Sprint-Qualifikatioun: 18h30
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 19h25
Commentaire: Tom Hoffmann a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Sprint, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 29. November 2025:
Ufank vun der Emissioun: 14h45
Start vum Sprint: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 15h45
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 29. November 2025:
Ufank vun der Emissioun: 18h55
Start vun der Qualifikatioun: 19h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 20h10
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE  um RTL Play

Sonndeg, 30. November 2025:
Ufank vun der Emissioun: 16h15
Depart vun der Course: 17h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 19h15
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2025

28. bis 30. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2025
Lusail International Circuit - Qatar

5. bis 7. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi