Zënter Mäerz schafft den F1-Stardesigner Adrian Newey fir Aston Martin. Vun der nächster Saison un iwwerhëlt hien och de Poste vum Teamchef.

An der Direktioun vum Aston-Martin-F1-Team ginn alt erëm d’Still geréckelt. No nëmmen enger Saison muss den Andy Cowell seng duebel Positioun als Teamchef a CEO opginn. Och wann déi lescht Wochen iwwert den Depart vum Cowell spekuléiert gouf, bleift hie bei Aston Martin. Säin neien Titel ass „Chief Strategy Officer“ an hie soll sech virun allem ëm d’Cooperatioun tëschent dem eegenen Chassis-Departement, dem Spritpartner Aramco an dem neie Motorpartner Honda këmmeren. Den Andy Cowell war laang Zäit Direkter vum Mercedes-Motordepartement HPP a gëllt als grousse Motorespezialist.

Säi Successeur als Teamchef gëtt den Adrian Newey. Den F1-Stardesigner war no 19 Red-Bull-Joer bei Aston Martin gewiesselt. Am Mäerz 2025 huet hien als „Managing Technical Partner“ do ugefaangen an huet sech virun allem op den neien Auto 2026 gekëmmert. Fir déi nei Saison soll hien zousätzlech d’Roll als Teamchef iwwerhuelen. Hien ass nieft sengen techneschen Aufgaben dann och fir d’Operatioune um Circuit responsabel.

Den Adrian Newey gëtt domadder neie staarke Mann bei Aston Martin. De Stardesigner schéint dat vollt Vertraue vum Propriétaire Lawrence Stroll ze genéissen.

Et fält op, dass d’Team an Zukunft wuel kee CEO méi huet. Am Communiqué gëtt nëmme präziséiert, dass de Lawrence Stroll sech och weiderhin ëm déi geschäftlech Aktivitéite këmmert. Et ass net kloer, ob d’Plaz vum CEO wierklech fräi bleiwe soll, oder op et do nach e Successeur gëtt. An der brittescher Press gouf d’lescht Woch driwwer spekuléiert, dass den Ex-Red-Bull-CEO Christian Horner do am Gespréich wier.