De Qualifying fir de Grand Prix vun der Belsch ass gelaf: séiersten um Samschdeg um Spa-Francorchamps-Circuit war den Jenson Button op Mc Laren Mercedes.

Hannendrun de Kamui Kobayashi op Sauber virum Kimi Räikönen am Lotus.

Domat ass keen Däitschen an der Pole-Final, well de Michael Schumacher nëmmen deen 13gten gouf.

Och net ënnert den éischten 10 an domat op de provisoreschen Startpositiounen 11 bis 17 ass de Sebastian Vettel, deen den 11. um Samschdegmëtten gëtt.