Formel 1: Grousse Präis vu Singapur
Kann de Max Verstappen sech nach emol an den Titelkampf amëschen? A wéi nervös ass McLaren wierklech? Zu Singapur schléit d'Stonn vun der Wourecht.
Gëtt dës WM nach emol spannend? Mat zwou Victoiren hannerteneen hu RedBull a Verstappen gewisen, dass si grouss Fortschrëtter gemaach hunn. Mee dat war op séiere Circuiten, elo steet ee verwénkelte Stadcircuit um Programm. Vill Experte si sech eens: Zu Singapur gi mir gewuer, ob RedBull nëmmen op séiere Circuite brilléiere kann oder ob een d'Verstappen-Écurie erëm bei all Course op der Rechnung muss hunn. Obwuel hie säi Retard op 69 Punkte reduzéiert huet, kann den Hollänner net méi aus eegener Kraaft Weltmeeschter ginn. Esouguer wann hien elo all Course gewanne géif, géifen dem WM-Leader Piastri zweet Plazen duergoen, fir den Titel ze gewannen. Mee McLaren huet an de leschte Courssen onnéideg Feeler gemaach. Virun allem den duebele KO vum Oscar Piastri huet iwwerrascht. Wéi nervös ass d'Team Papaya?
Suivéiert de FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2025 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Commentaire: Tom Hoffmann
Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann
Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.
D'Analyse vum RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl
Singapur ass keng Course, mee eng Ausdauerprüfung! Och no Sonnenënnergang bleift d'Temperatur bei 30 bis 32 Grad, dobäi kënnt eng Loftfiichtegkeet vu bal 90 Prozent. Fir d'Piloten heescht dat: am Cockpit kënne Wäerter vu bis zu 70 Grad erreecht ginn, d'Schweessen als Killmechanismus ass kaum nach effektiv. Iwwer déi knapp zwou Stonnen, déi d'Course dauert, verléieren d'Piloten doduerch bis zu véier Kilogramm u Flëssegkeet, wat d'Konzentratioun massiv belaascht. Net ouni Grond klëmmt d'Feelerquot grad spéit am Grand-Prix, wou d'Mëssgeschécker vu Piloten an de leschte Joren ëmmer erëm Schlagzeile gemaach hunn.
Mee och d'Technik stéisst séier un hir Grenzen: mat 23 Kéieren, villen 90°-Ecken an enger ausgepräägter Stop-and-Go-Charakteristik hunn d'Bremsen net genuch Zäit fir ofzekillen. De Verschläiss ass immens, d'Motore kréien ze wéineg frësch Loft, fir d'Temperatur am Grëff ze halen. D'Piloten hunn dofir just kuerz Fënstere vun 2-3 Ronnen, an deenen eng Attack méiglech ass, ier eng Ofkillphas néideg gëtt.
Beim Setup schéngt et op den éischte Bléck simpel: maximalen Appui, den Auto méi héich a geschmeideg agestallt, fir mat der lueser a knubbeleger Streck eens ze ginn. Awer d'Realitéit ass méi komplex. Fir bei de villen Apexen am Beräich vun 100 bis 120 km/h optimal Traktioun ze fannen, brauch den Auto eng niddreg Héicht. Doduerch muss d'Fiederung extrem progressiv an no uewen eraus steif ginn, fir datt de Chassis net opschléit. Dat steet am Géigesaz zu engem souple mechanesche Chassis, deen op der knubbeleger Strooss eigentlech besser Traktioun géif bidden.

© Mercedes-AMG PETRONAS F1 Team
Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken
Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d'F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d'Livestreamen an d'Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm a -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir d'Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.
Programm
Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play
Freideg, 3. Oktober 2025: 11h25 – 12h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Freideg, 3. Oktober 2025: 14h55 – 16h05
Commentaire: Tom Hoffmann
Samschdeg, 4. Oktober 2025: 11h25 – 12h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play
Samschdeg, 4. Oktober 2025:
Ufank vun der Emissioun: 14h55
Start vun der Qualifikatioun: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 16h10
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play
Sonndeg, 5. Oktober 2025:
Ufank vun der Emissioun: 13h15
Depart vun der Course: 14h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 16h30
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl
Saison-Kalenner 2025
3. bis 5. Oktober: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2025
Marina Bay Street Circuit - Singapore
17. bis 19. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2025
Circuit of The Americas - United States
24. bis 26. Oktober: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2025
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico
7. bis 9. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2025
Autódromo José Carlos Pace - Brazil
21. bis 24. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2025
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas
28. bis 30. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2025
Lusail International Circuit - Qatar
5. bis 7. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi