Formel 1: Jenson Button gewënnt zu Spa-Franchorchamps

© AFP
Formel: Den Jenson Button um McLaren gewënnt de Grousse Präis vun der Belsch, dat virum Sebastian Vettel (Red Bull) an dem Kimi Räikkönen (Lotus).
Deen éischten aus dem Qualifying war och deen éischten no 44 Ronnen. Den Jenson Butto huet de Grousse Präis vun der Belsch souverän gewonnen.
Exzellent Performance och vum Weltmeeschter Sebastian Vettel, dee vun der 10. Plaz fortgefuer war an um Enn den 2. gëtt. De Podium komplett mécht de Kimi Räikkönen.
D'Course hat direkt mat enger Safety Car-Phase ugefaang.
Direkt am éischten Tour huet et de Lewis Hamilton, de Fernando Alonso, de Romain Grosjean an de Sergio Perez erwëscht.

© AFP
Nodeems de Safety Car nees d'Streck verlooss hat, war et den Jenson Button dee sech direkt konnt ofsetzen.
Hannedrun huet laang de Weltmeeschter Sebastian Vettel probéiert un de Button erunzekommen, ma et sollt net duergoen.
Um Enn gewënnt de Button virum Sebastian Vettel.
Och ëm déi 3. Plaz gouf laang haart gekämpft. De Michael Schumacher, de Kimi Räikkönen, den Nico Hülkenberg an de Mark Webber wollten hei ee Wiertche matschwetzen, um Enn stoung de Kimi Räikkönen mat um Podium.
Leader am General bleift de Fernando Alonso (164 Punkten), dat virum Sebastian Vettel (140) an dem Mark Webber (132).
Hei nach eemol d'Top 10 am Iwwerbléck:
1 | Jenson Button | McLaren Mercedes | 1:29:08,530 |
2 | Sebastian Vettel | Red Bull Racing | +13,624 |
3 | Kimi Räikkönen | Lotus F1 Team | +25,334 |
4 | Nico Hülkenberg | Force India F1 Team | +27,843 |
5 | Felipe Massa | Scuderia Ferrari | +29,845 |
6 | Mark Webber | Red Bull Racing | +31,244 |
7 | Michael Schumacher | Mercedes AMG | +53,374 |
8 | Jean-Eric Vergne | Scuderia Toro Rosso | +58,865 |
9 | Daniel Ricciardo | Scuderia Toro Rosso | +62,982 |
10 | Paul di Resta | Force India F1 Team | +63,783 |