Formel 1: Victoire vum Lewis Hamilton zu Monza

Formel 1: De Lewis Hamilton um McLaren gewënnt de Grousse Präis vun Italien, dat virum Sergio Perez (Sauber) an dem Fernando Alonso (Ferrari).
Um Depart konnt de Lewis Hamilton seng Spëtzepositioun verdeedegen. Den Jenson Button gouf awer direkt vum Felipe Massa um Ferrari iwwerholl.
Een exzellenten Depart huet och de Fernando Alonso erwëscht dee vun der 10 op d'6. no vir gefuer ass.
Et gouf verbattert ëm déi éischt Plaze gekämpft.
Den Jenson Button konnt sech zwëschenduerch déi 2. Plaz erkämpfen, fir hie war d'Course awer an der 33. Ronn eriwwer.
De Lewis Hamilton fir säin Deel huet sech zu kengem Ament aus der Rou brénge gelooss an ass souverän der Victoire entgéint gefuer.
Keng optimal Course war et iwwerdeems fir de Weltmeeschter Sebastian Vettel. No engem Duell mam Alonso hunn d'Stewards de Red Bull-Pilot bestroft, hien huet eemol missen duerch d'Box fueren. Schlussendlech huet hie souguer wéinst engem technesche Problem missen opginn.
Un der Spëtzt war de Lewis Hamilton net ze schloen. 2. gëtt iwwerraschend de Sergio Perez, dee Plaz fir Plaz gutt gemaach huet. Als leschten huet de Fernando Alonso et nach op de Podium gepackt.
De Fernando Alonso féiert dann och am General mat 37 Punkten Avance op de Lewis Hamilton. Op de Plazen 3 a 4 leien de Kimi Räikkönen an de Sebastian Vettel.