Football: De Michael Ballack hält op

Den däitsche Footballprofi Michael Ballack huet elo decidéiert fir mat 36 Joer senger aktiver Carrière en Enn ze setzen.
De fréiere Kapitän vun der däitscher Nationalequipe huet seng Decisioun iwwer säin Affekot matdeele gelooss.
De Ballack hat 267 mol an der Bundesliga gespillt, fir Bayern München, Kaiserslautern an elo zum Schluss fir Leverkusen. Hien gouf 4 mol däitschen Champion, an eng Kéier engleschen mat Chelsea. Donieft war hien Vizeweltmeeschter 2002, an Vizeeuropameeschter 2008 mat der Mannschaft.
Am meeschte gelies