De Michael Schumacher zitt no dëser Saison e Schlusstréch ënnert seng Formel 1-Carrière, scho rëm, mä wahrscheinlech dës Kéier definitiv.

D'lescht Woch hat seng Ecurie Mercedes jo schonn annoncéiert, datt si dem Schumi säi Kontrakt um Enn vun dëser Saison net verlängert an och seng fréier Equipe Ferrari wollt näischt méi vum Schumacher wëssen. Zu Suzuka huet de Schumacher lo selwer ugekënnegt, dass hien no dëser Saison senger Karriere en Enn setzt.

E Spriecher vum italienesche Rennstall huet der Bild gesot, de Schumacher wier de beschte Fuerer vun der Formel 1 Geschicht, dat géife seng Rekorder beweisen, mä all Léift hätt och eemol enEnn, so wéi och tëscht Ferrari an dem Michael Schumacher.

Mercedes hat jo d'lescht Woch bekannt ginn, dass de Schumacher säi Kontrakt no der aktueller Saison net méi verlängert kritt. Amplaz kënnt de Lewis Hamilton.

Den Hamilton gëtt bei McLaren vum Sergio Perez ersat, dee vu Sauber kënnt. Domat wier dann e Cockpit bei Sauber fräi. An deem Zesummenhang war och ëmmer nees den Numm vum Michael Schumacher gefall.

Den Nico Hülkenberg bleift wéi et ausgesäit bei Force India.