Formel 1: De Sebastian Vettel um Red Bull gewënnt de Grousse Präis vu Suzuka, dat virum Felipe Massa um Ferrari an dem Kamui Kobayashi um Sauber.

Et ass en 1. Podium fir de Japaner Kobayashi.

Duerno komme Button, Hamilton, Raikkönen, Hülkenberg, Maldonado, Webber a Ricciardo.

Direkt an der éischter Kéier ass de Leader am General Fernando Alonso erausgeflunn, no enger Beréierung mam Kimi Raikkönen. Doropshin gouf et eng Safety Car Phase.

RTL

Och de Nico Rosberg ass opgrond vun engem Accident zanter der éischter Ronn net méi derbäi gewiescht.

De Romain Grosjean hat en Accrochage mam Mark Webber a krut 10 Sekonne Strof.

De Sebastian Vettel deen am General e Retard vu 29 Punkten hat, dierft dem Alonso säin Out freeën. Den Däitsche kënnt elo nämlech am General op 4 Punkten un den Alonso erun.

Et bleiwen nach 5 Coursen ze fueren, di nächst ass an enger Woch a Südkorea.