Direkt hannert dem Mark Webber, an op der zweeter Plaz dann, de Weltmeeschter Sebastien Vettel, dee vu sengem Team-Kolleg geschloe gouf!

Fir den Australier ass et déi 11. Kéier a senger Karrière, datt e sech d'Pole-Position séchert! Am Qualifyien zu Yeongam war säi beschten Tour 1 min 37 sec 242/1000.

3. Plaz ass fir de Lewis Hamilton, 4. de Fernando Alonso. Déi 5. Plaz ass fir de Kimi Räikkönen op Lotus. 6. Felippe Massa an de Romain Grosjean fiert um Sonndeg vun der 7. Plaz fort. De Michael Schumacher klasséiert sech als 10., de Button als 11.

Den Depart ass e Sonndeg de Mueren um 8 Auer.