Formel 1: Sebastian Vettel wënnt de GP vu Südkorea

© AFP
Gestart war de Marc Webber vun der Pole Position, gewonnen huet awer säin Team-Kolleg. Et ass seng 2. Victoire a Südkorea.
Am Generalklassement ass de Vettel dann och elo op der Spëtzt mat enger Avance vun 6 Punkten op de Spuenier Fernando Alonso.

© AFP
De Marc Webber muss sech sengersäits mat enger 2. Plaz zefridde ginn. Virum Fernando Alonso deen et nach knapp op de Podium gepackt huet. Et bleiwen elo nach 4 Coursen ze fueren.
Hei de Klassement vum Top 10:
1. - Vettel
2. - Webber
3. - Alonso
4. -Massa
5. - Raikkonen
6. - Hulkenberg
7. - Grosjean
8. - Vergne
9. - Ricciardo
10. - Hamilton
F1 Grand Prix vun Südkorea 2012
Den Sébastian Vettel gewënnt Grand Prix vun Südkorea.
Am meeschte gelies