Dat mellt d'BBC a berifft sech op eng Quell bei Ferrari. De Rennstall dementéiert déi Nouvelle awer vehement.

De Kontrakt soll der BBC no vun 2014 u gëllen. Bis dohinner géif weiderhin de Felipe Massa nieft dem Fernando Alonso fir Ferrari fueren. De Massa stoung jo rezent zolitt an der Kritik, huet awer an de leschte Coursen nees méi iwwerzeege kënnen.

De Ferrari-Boss Luca di Montezemolo huet op déi Nouvelle hinn direkt alles dementéiert, a gesot hie bräicht keng zwee Hinger an engem Kuerf. Soulaang den Alonso do wier, kéim keen zweete Star an d'Team. Den Alonso huet e Kontrakt bis 2016.

Och vu Säite vum Red-Bull Beroder Helmut Marko kënnt an der BILD en Dementi. Et wier einfach eng Ligen déi do verbreet géif ginn. De Vettel hätt guer näischt bei Ferrari ënnerschriwwen.

Hülkenberg bei Sauber

Wéi déi däitsch Zäitschrëft auto, motor und sport mellt, hätt den Nko Hülkenberg nach e Sonndegowend nom GP vu Südkorea beim schwäizer Privatteam Sauber e Kontrakt ënnerschriwwen. Hie fiert aktuell bei Force India.

RTL