Formel 1: Den Nico Hülkenberg fiert 2013 fir Sauber

E Mëttwochmoien huet d'Sauber F1 Team iwwer Twitter annoncéiert, dass den Nico Hülkenberg fir d'Saison 2013 beim schwäizer Rennstall ënnerschriwwen huet.
Hie kënnt vu Force India, wou hien dës Saison a 17 Coursë schonn 49 Punkte gesammelt huet. Domat steet hien op Plaz 12 am WM-Klassement vun de Piloten.
De 25 Joer jonken Däitschen huet 2010 säi WM-Debut gefeiert, dat bei Williams. Den Hülkenberg ersetzt bei Sauber de Sergio Perez, dee jo eriwwer bei McLaren wiesselt.
Am meeschte gelies