Formel 1: Pole fir Hamilton, Strof a lescht Plaz fir Vettel

Beim Grousse Präis vun Abu Dhabi steet de Lewis Hamilton op der Pole Position, de Sebastian Vettel muss vun der leschter Plaz aus fortfueren.
An der Formel 1 fiert de Weltmeeschter Sebastian Vettel beim Grousse Präis vun Abu Dhabi vun der leschter Plaz aus der Box fort.
De Vettel ass zwar Drëtten am Qualifying ginn, huet awer direkt duerno säin Auto op der Streck ofgestallt, well den Tank eidel war. Dowéinst gouf hie sanktionnéiert.
D'Pole Position ass fir de Britt Lewis Hamilton.
Zweeten am Qualifying gëtt den Mark Webber op RedBull, op der drëtter Plaz steet de Pastor Maldonado op Williams virum Kimi Raikkönen an dem Jenson Button.
Duerno kommen nach Alonso, dem Vettel säi schäerfte WM-Konkurrent, Rosberg a Massa.
Den Depart vum drëttleschte Grand Prix ass e Sonndeg de Mëtten um 14 Auer.