Formel 1: Hamilton gewënnt, WM-Decisioun nach net gefall

© AFP
Formel 1: Victoire vum L. Hamilton an den USA. 2. de S. Vettel, 3. de F. Alonso. Virun der leschter Course huet de Vettel 13 Punkten Avance op den Alonso.
De Sebastian Vettel ass gutt fortkomm. Een exzellenten Depart hat awer och de Fernando Alonso dee vun der 9. op déi 4. Plaz no vir gefuer ass.
Zesumme mat sengem Teamkolleg Mark Webber huet de Vettel d’Course dunn dominéiert.
Dat war awer net fir laang well de Lewis Hamilton, deen direkt am Ufank vum Grand Prix vum Webber iwwerholl gi war, huet sech seng 2. Plaz erëmgeholl an de Vettel ënner Drock gesat.
De Fernando Alonso hat am Ufank vun der Course Problemer fir mam Vettel matzehalen. Séier war säi Retard op knapp 9 Sekonne gewuess.
Eng éischt Schlësselszen gouf et dunn an der 18. Ronn. Dem Vettel säin Teamkolleg Mark Webber huet missen opginn.
D’Course ass spannend bliwwen. De Vettel war och no sengem éischte Boxestop weider vir. Zwëschenduerch konnt hie sech schonn als Weltmeeschter fillen, well de Fernando Alonso mat Momenter just nach 5. war.
De Lewis Hamilton fir säin Deel huet de Red Bull-Pilot ëmmer méi staark ënner Drock gesat, de Fernando Alonso ass zwëschenduerch op déi 3. Plaz no vir gefuer.
An der 42. Ronn war et dunn esou wäit. Den Hamilton huet de Vettel iwwerholl.
A bis zum Schluss ass den Hamilton dunn och 1. bliwwen. Um Enn gewënnt hien zu Austin virum Sebastian Vettel an dem Fernando Alonso.