Am Virfeld vun der leschter Course vun der Saison huet Lotus annoncéiert, datt se an Zukunft vu Coca-Cola respektiv hirem Energy-Drink Burn gesponsert ginn

Deemno wäert den Auto net rout ausgesinn, wéi een et kéint vu Coca-Cola kéint mengen. Gutt méiglech ass et, datt den Auto vun der Lotus-Ecurie weidergi schwaarz bleift ... deemno och an de Faarwe vum Energy-Drink "Burn".

D'Nouvelle, datt Coca-Cola an d'Formel 1 klëmmt, gouf um Donneschdeg zu Sao Paulo annoncéiert, wou jo e Sonndeg déi lescht Course vun der Saison gefuer gëtt.

Wien kann sech dann eigentlech op de WM-Titel behaapten? Vettel oder Alonso?

E Sonndeg gëtt déi lescht Course gefuer, an et komme just nach zwee Piloten fir de Weltmeeschter-Titel a Fro: De Sebastian Vettel (Red Bull) oder de Fernando Alonso (Ferrari). Mä wéi stinn hir Chancen?

De Vettel kéint op e neits Weltmeeschter gi wann:
- Hien am Top 4 iwwert d'Arrivée fiert
- Hien 5., 6., 7. gëtt an den Alonso net gewënnt
- Hien 8. oder 9. gëtt an den Alonso beschtefalls 3. gëtt
- Hien ënnert de leschten 10 iwwert d'Arrivée fiert an den Alonso net um Podium steet.

Den Alonso sengersäits ka sech op den Titel behaapten wann:
- Hie wënnt an den Vettel beschtefalls 5. gëtt
- Hien 2. gëtt an de Vettel maximal den 8. gëtt
- Hien 3. gëtt an de Vettel maximal 10. gëtt