F1: De Sebastian Vettel (Red Bull) fiert de Sonndeg vun der 4. Plaz fort. De Fernando Alonso (Ferrari) gëtt am Qualifying de 7ten.

De Lewis Hamilton (McLaren) hat zu Interlagos déi Séierste Ronn (1:12,458), dat virum Jenson Button (McLaren) an dem Marc Webber (Red Bull).

Virun der leschter Course huet de Sebastian Vettel déi beschten Ausgangspositioun fir sech de Weltmeeschtertitel ze sécheren. Hien huet 13 Punkten Avance op de Fernando Alonso.

De Vettel huet sech déi Ausgangspositioun haart erkämpft, nodeems hien zu Singapur gewonnen huet, huet en och a Japan, Südkorea an an Indien gewonnen... 4 mol hannerteneen. Do virdrun stoung hie schonn am Bahrain ganz uewen um Podium.

Den Alsonso huet biswell 3 Victoiren op sengem Kont dës Saison: De Malaysia GP, de GP vun Europa an de GP vun Däitschland.

Beim GP vun Abu Dhabi konnt den Alonso dem Vettel nees 3 Punkten ofhuelen, an den USA war et dunn nees genau ëmgedréint.

An der  leschter Course ginn et folgend Scenarien, déi decidéieren, wee Weltmeeschter gëtt:

De Vettel gëtt Weltmeeschter wann:
- Hien an den Top4 ukënnt.
- Hie 5ten, 6ten oder 7te gëtt, an den Alonso net gewënnt.
- Hie gëtt 8ten oder 9ten an den Alonso gëtt beschtefalls den 3ten.
- Hie gëtt 10ten an den Alonso kënnt net op de Podium.

Den Alonso gëtt Weltmeeschter wann:
- Hie gewënnt an de Vettel gëtt beschtefalls de 5ten
- Hien 2te gëtt, an de Vettel beschtefalls den 8ten
- Hien 3te gëtt, an de Vettel beschtefalls den 10ten.

Et gëtt also méi wéi spannend...

D'Course ass e Sonndeg um 17 Auer eiser Zäit.