Formel 1: No enger turbulenter leschter Course ass de Sebastian Vettel nees Weltmeeschter, den Jenson Button huet de Grand Prix zu Sao Paulo gewonnen.

Ganz turbulent goung et lass am Reen zu Sao Paulo. Fir de Sebastian Vettel hat et ganz schlecht ugefaang. Direkt am Ufank war hien an eng Kollisioun verwéckelt ginn. Optimale Start dogéint fir dem Vettel säi Konkurrent Fernando Alonso deen direkt op déi 3. Plaz no vir gefuer ass a sech domat scho fréi an der Course de virtuelle Weltmeeschtertitel konnt sécheren.

Ma déi Freed war nëmme vu kuerzer Dauer. De Sebastian Vettel deen no sengem Crash wait no hanne gerutscht war huet sech lues awer sécher nees no vir geschafft – bis op déi 6. Plaz, domat war hien nees Weltmeeschter.

Alonso a Vettel fréi an der Box

Fréi waren déi 2 Haaptkonkurrenten ëm den Titel, de Sebastian Vettel an de Fernando Alonso, dunn an d’Box komm fir op Intermediates ze wiesselen. Duerch hire Stopp sinn déi 2 zeréckgefall, den Alonso op déi 12. an de Vettel op déi 17. Plaz. Alt nees eng Kéier hunn déi 2 vun hannen Plaz ëm Plaz misse gutt maachen.

An der 19. resp 21. Ronn hunn déi 2 dunn nees d’Pneue gewiesselt. De Vettel ass direkt hannert dem Alonso nees zeréck op d’Streck komm.

Hülkenberg ee seelene Gaascht un der Spëtzt

Un der Spëtzt huet sech an der Zwëschenzäit mam Nico Hülkenberg en éischter seelene Gaascht gewissen. Hannendrun hu sech déi 2 McLaren vum Lewis Hamilton an dem Jenson Button ëm d’Plazen um Podium gestridden.

Safety Car-Phase an der 23. Ronn

Duerch déi sëllechen Accidenter loungen nawell vill Stécker op der Streck – déi logesch Konsequenz war eng Safety Car-Phase an der 23. Ronn.

Eréischt an der 29. Ronn ass de Safety Car dunn nees zeréck an d’Box gefuer an d’Course goung quasi vu vir un.

Den Nico Hülkenberg ass weider op der 1. Plaz bliwwen. De Fernando Alonso loung iwwerdeems laang op der 4. an der Sebastian Vettel op der 7. Plaz, eng Konstellatioun déi fir de Red Bull-Pilot den 3. Titel bedeit hätt.

Hamilton iwwerhëllt déi 1. Plaz...a flitt eraus

Am 49. Tour war dem Nico Hülkenberg seng Aventure un der Spëtzt dunn eriwwer, de Lewis Hamilton huet den Däitschen iwwerholl.

Dono gouf et nees turbulent. De Vettel ass nees un d'Box gaang ma op der Streck huet sech an där Zäit villes gedoen. Den Hülkenberg ass gerutscht a krut den Hamilton ze paken - fir den Hamilton war d'Course eriwwer.

De Fernando Alonso huet profitéiert an ass domat no vir gerutscht op déi 3. Plaz.

Et goung hin an hir. No engem Stopp vum Alonso war de Vettel nees (virtuelle) Weltmeeschter.

Fir de Fernando Alonso goung et am Reen an der 63. Ronn no vir bis op déi 2. Plaz.

Kuerz viru Schluss gouf et dunn nach eng Safety Car-Phase, domat war d'Course entscheet.

Um Enn ass et beim Podium Button, Alonso, Massa bliwwen. De Vettel koum als 6. un an ass nees Weltmeeschter.