E Sonndeg ass de Michael definitiv seng lescht Course an der Formel 1 gefuer. Hien ass vun 1991 bis 2012 am ganzen 307 F1-Course gefuer.

Mëttlerweil ass de Schumacher 43 Joer al, an praktesch kee gleeft elo nach eng Kéier un e Récktrëtt vum Récktrëtt, sou wéi dat 2009 de Fall war.

Seng Karriär huet 1991 bei Jordan ugefaang, fir déi en awer just 1 Course gefuer ass. Dunn ass de Wiessel bei Benetton komm, a genee do huet Success Story ugefaang.

1994 an 95 gouf hien 2 mol hannertenee Weltmeeschter. Op Drock vum Nicki Lauda ass 1996 de Wiessel bei Ferrari zu stane komm.

4 Joer huet et gedauert, bis den Schumacher mat senger rouder Diva alles an Grond a Buedem gefuer ass.

Vun 2000 bis 2004 ass de Kerpener 5 mol hannertenee Weltmeeschter ginn.

E Rekord, fir d'Éiwegkeet, vläit, de Vettel huet sech ëmmerhi fir d'3t hannertenee WM Kroun opgesat.

2006, mam Vize Titel am Gepäck huet de Michael Schumacher säi Casque un de Nol gehaang.

2010 dunn déi sensationell Nouvelle fir alleguer d'Fans, de Comeback bei Mercedes mat engem Kontrakt iwwer 3 Joer. Déi 3 Joer sinn also e Sonndeg op en Enn gaang.

Den Erfolleg sollt dem Schumacher net méi sou vergonnt sinn, wei an senge beschte Joeren.

Dat loung allerdéngs net nëmmen un him, mä och um Auto, deen net op engem Niveau mat Ferrari an Red Bull war, respektiv ass.

An der wuelverdéngter Pensioun kann de Michael Schumacher op folgend Rekorden zeréck kucken.

7 mol Weltmeeschter, 91 Coursë gewonn, 68 mol op der Pole, 2002 hat hie 67 Punkten Avance op de WM 2ten.

No insgesamt 307 Coursen ass Schluss fir de Michael Schumacher.

AUDIO: De Reportage vum Jeff Kettenmeyer