Huet de Champion iwwerholl, wéi et verbuede war? No enger 1. entretemps gekläerter Diskussioun um Sonndeg, geet elo vun engem 2. Iwwerhuelmanöver Rieds ...

... an dobäi soll sech de Vettel net un d'Spillreegele gehalen hunn.

Mat Verspéidung ass elo nämlech e Video opgedaucht, wou de Sebastian Vettel an enger gieler Phas iwwerholl soll hunn. Dat géing eng (nodréiglech?) Strof vun 20 Sekonne bedeiten.

Domat géing de Sebastian Vettel als 8. iwwert d'Arrivée fuere, wat deemno eng Victoire fir d'Ferrari-Ecurie bedeite géing. Den Alonso selwer huet och getwittert: "Ech brauch kee Wonner, ech maache mäi Wonner mat richtege Gesetzer".

Ferrari huet awer, wéi et schéngt, net wëlles, där ganzer Saach no ze goen, esou de Spriecher géigeniwwer der Zeitung "Corriere dello Sport". Theoretesch hätt Ferrari bis e Freideg Zäit fir en Appel ze maachen, esou déi spuenesch Press.

Experten halen et awer fir onwahrscheinlech, datt d'Klassement vum Grousse Präis vu Brasilien nodréiglech verännert gëtt ...

Een éischte Malentendu hat et jo ewell e Sonndeg ginn wéinst dem Vettel sengem Depassement vum Kamui Kobayashi. Hei gouf du kloer gestallt, datt d'giel Luuchten net giel Luuchte sinn: Et ass nämlech eng wichteg Nuance, ob giel Luuchte blénken (Giel heescht dann Iwwerhuelverbuet) oder permanent u sinn (Roudgiel bedeit dann "slippery surface" a keen Iwwerhuelverbuet). A beim Vettel-Kobayashi-Duel war just "slippery surface" ugesot ...

Elo heescht et awer, de Red-Bull-Pilot Sebastian Vettel hätt an enger Phas mat Iwwerhuelverbuet den Toro-Rosso-Pilot Jean-Eric Vergne iwwerholl. An der Sortie vun der Kéier "Curva do Sol", esou de Video, waren d'giel Luuchten nach un an de Vettel hätt de Vergne dunn op der Reta Oposeta iwwerholl, eng 60 m virun de grénge Luuchten, déi d'Enn vun der Zon mat der Vitesselimite markéiert hunn.

Ob et eppes ännert? Auszeschléissen ass et anscheinend net, ma ganz wahrscheinlech soll et och net sinn ...