FIA: Sebastian Vettel behält säin Titel sécher!

© AFP
Den Automobil-Wetlverband FIA mellt um Donneschdeg, datt de Red-Bull-Pilot säin Titel sécher hale kann.
Et géif een der Saach och net weider no goen esou de Spriecher vun der FIA, de Sebastian Vettel hätt näischt falsch gemeet an et wieren einfach ze vill Malentenduen um Niveau vun de Fändel- a Luuchtensignaler.
Scho während der Course hätt een dem Pilot seng Iwwerhuelmanöver genaust analyséiert, ma awer kee Feeler zréckbehalen.
Ferrari hat allerdéngs eng Erklärung vun der Red-Bull-Ecurie gefuerdert. Schliisslech géing et ëm den Weltmeeschtertitel goen ... ma nohaken wëll een awer weider net méi. Domat wier d'Affär dann an dréchenen Dicher.
Am meeschte gelies